D’Wuert “Pandemie” héiert een de Moment bal sou oft wéi Bonjour. Mee wann een iech géif froen, wat dat genau ass, kéint dir et dann och erklären? A wat ass den Ënnerscheed zur Epidemie?

Pandemie – Wat ass dat? Gouf et dat schonn eng Kéier?

Eng Ausbreedung vun Infektiounskrankheeten ass näischt Neies. Obwuel eng méi heefeg ass wei eng Pandemie, hunn béid an der Geschicht scho vill Onrou an d’Weltbevëlkerung bruecht. Ier mir op e puer Beispiller aginn, mussen mir fir d’éischt kuerz e puer Begrëffer kloer definéieren:

Wat ass eng Epidemie?

An enger ass d’Krankheet zäitlech (Méint bis Joer) begrenzt a fënnt och a begrenzten Géigende statt. E Beispill wier d’Ebola-Epidemie déi sech vun 2014 bis 2016 a Westafrika verbreet huet.

Wat ass eng Pandemie?

Wärend enger Pandemie verdeelt sech den Erreeger a ville Länner/Kontinenter, dat heescht d’Krankheet ass zäitlech, allerdéngs net raimlech begrenzt. Et kéint ee soen eng Pandemie ass eng weltwäit .

Als Beispill gëtt et déi Spuenesch Gripp, déi 1918 bis 1920 50 Milliounen Doudeger gefuerdert huet. Dëst war een Influenza-Virus, deen net wéi gewinnt saisonal an örtlech begrenzt war, mee sech weltwäit ausgebreet huet. Epidemiologen erwaarde souguer all 25 Joer esou eng Influenza-Pandemie.

Eng aner Pandemie war d’Pescht, déi am 6., tëschent dem 13. an dem 14. souwéi am 19. Joerhonnert een Drëttel vun der deemoleger Bevëlkerung, also méi wéi 100 Milliounen Mënschen, ëm d’Liewe bruecht huet. Dës Krankheet ass hautdesdaags extrem seelen. Grond dofir sinn déi verbessert hygienesch Bedingungen.

Schlussendlech muss een och iwwert Coronaviren schwätzen. Den éischten Corona-Virus SARS-CoV-1 (severe acute respiratory syndrom-Coronavirus-1) huet 2003 virun allem Asien betraff. Dës Well huet Europa ënner anerem net erreecht, well d’Isolatioun vu de kranke Persounen ausräichend war. Dobäi komm och nach, dass d’Patienten virun de Symptomer praktesch keen konnten infizéieren. Den zweete Corona-Virus SARS-CoV-2 ass Enn 2019 zu Wuhan a China entdeckt ginn an huet sech weltwäit zu der Corona-Pandemie entwéckelt, déi mir haut kennen. Bis elo si weltwäit 2,5 Milliounen Mënschen un dësem Virus gestuerwen.

Meeschtens entstinn Pandemie an Epidemien andeem Viren an der Déierewelt mutéieren an dann op de Mënsch iwwerginn. Dofir ginn et dräi wichtegen Grënn: d’Ëmweltzerstéierung, de Verloscht vun der Aartendiversitéit an den Klimawandel si grouss Bedroungen fir weider Infektiounsausbreedungen.

Fir erëm op eis Ufanksfro zeréck ze kommen, kann ee soen, dass eng Pandemie näischt Neies ass. Sie ass souwuel Deel vun der Geschicht wéi och vun der Zukunft. Nei mutéiert Viren wäerten et ëmmer erëm ginn. Dës gi vum Mënsch opgeholl an esou ëmmer weider verbreet.

Dir wëllt nach méi doriwwer liesen?

https://www.msdmanuals.com/de-de/profi/infektionskrankheiten/respiratorische-viren/influenza
https://www.medinlive.at/gesellschaft/zoonosen-staendig-neue-pandemie-kandidaten
https://www.bundestag.de/resource/blob/819242/5292551d2d6408842537ac1ee76dd8e6/WD-9-110-20-pdf-data.pdf
https://www.msdmanuals.com/de-de/profi/infektionskrankheiten/respiratorische-viren/coronaviren-und-akute-respiratorische-syndrome-mers-und-sars