AstraZeneca – kann een deem Impfstoff vertrauen?

2022-06-06T18:49:25+01:00March 12, 2021|Covid19|

Vu dass AstraZeneca momentan erëm verstäerkt an de Medien diskutéiert gëtt, wollte mir dëst Thema an eiser Impfcampagne virzéien an iech soumat ganz aktuell Informatiounen weider ginn.

“En Donneschdeg hat d’Santé annoncéiert, datt een aus Virsiichtsmoossnam géif e ganze Lot vun Impfungen vun AstraZeneca “a Quarantän” setzen” [rtl.lu, 2021] Wat stécht do hannendrun?

Et geet em sougenannten “thrombotesch Komplikatiounen”. Dat bedeit vereinfacht gesot, dass sech Blutgerinnsel gebilt hunn, déi Oderen verstoppen. Dat kann zu Venenthrombosen an Longenembolien feieren. Eng Venenthrombos verstoppt eng Oder, déi eist Blutt zréck bei d’Häerz bréngt. Meeschtens trieden se an de Been op. Vun enger Longenembolie schwätzt een, wann eng Oder verstoppt, déi an der Long ass. Bis ewell goufen europawäit 30 Fäll der EMA (European medicines agency) gemellt, déi no enger Impfung mat AstraZeneca opgetaucht sinn. Insgesamt goufen an Europa 5 Milliounen Impfdosissen verimpft. Als Konsequenz hu verschidden europäesch Länner, dorënner Lëtzebuerg, verständlecherweis d’Verimpfung vun engem bestëmmten Lot vum AstraZeneca-Impfstoff gestoppt, fir datt des Fäll fir d’éischt genau analyséiert kënne ginn. Vun deem Lot waren awer schonn 4.110 Impfungen zu Lëtzebuerg verdeelt ginn an bei kengem vun deenen ass bis ewell eng thrombotesch Komplikatioun festgestallt ginn.

Mee ass den AstraZeneca Impfstoff sou geféierlech?

Mir maachen ee Verglach. Bei 30 Fäll op 5 Milliounen Impfdosissen erginn dat 6 Fäll op 1 Millioun. Bei engem Langstreckeflug mam Fliger fënnt ee ronn 28 sou thrombotesch Fäll pro 1 Millioun Flich (Lapostolle et al, 2001; Philbrick et al, 2007).

Ass Fléien dann elo geféierlech?

Et gëtt bis elo keen Hiweis, dass den Impfstoff tatsächlech zoustänneg war fir déi Fäll vun thrombotesche Komplikatiounen (BMJ, 2021). Fir dass et zu Thrombosen oder Embolie kennt, musse vill Ereegnisser aneneegräifen. An England, wou schonn 11 Milliounen Dosen mam AstraZeneca-Impfstoff verimpft goufen, hätt ee bis elo nach keen Zesummenhang tëscht dem Impfstoff an Thrombosen erkenne kënnen (BMJ, 2021).

Natierlech ginn d’Daten vun deem engen Lot nach eng Kéier genau ënnert d’Lupp geholl ier en weider veroofreecht gëtt. Awer eppes kann ee soen: AstraZeneca ass bis elo net méi geféierlech wéi e Langstreckefluch.

Go to Top