"to be or not to be" … oder éischter: "Impfen oder net impfen?"

Villäicht hutt dir iech déi Fro och schon gestallt. Als alleréischt muss een awer emol verstoen, wat eng Impfung ass an wéi se funktionéiert. Dat erklären mir iech sou einfach wéi méiglech an äntweren och op Froen wéi: ,, Firwat soll ech mech impfen loossen, wann ech de Virus schonn hat?

Wat ass eng Impfung?

Eng Impfung ass ee Stoff, deen eis virun ustiechende Krankheete schützt. Se ass nieft der Andämmung vun der Verbreedung eis beschte Waff géint Viren. Impfunge wierken an deem se eist Immunsystem trainéieren fir Erreeger, also Viren oder Bakterien, méi séier erëm ze erkennen. Mir ginn immuniséiert a kënnen den Erreeger, wa mer spéiderhi mat em a Kontakt kommen, besser a méi séier bekämpfen, ier en iwwerhaapt d’Méiglechkeet huet eis krank ze maachen. De Basisprinzip vun der Impfung funktionéiert also wéi wa mir d’Infektioun schonn eng Kéier duerchgemaach hätten, eist Immunsystem kennt den Erreeger elo an huet sech géint en gerëscht.

Dëst funktionéiert sou: mir injezeieren dem Kierper ee klengen Deel vum Erreeger, ee sougenannten Antigen, wouropshi mir dann Antikierper produzéieren, déi genau dësen Antigen ugräifen. Dës nei produzéiert Antikierper ginn duerno an eisem Kierper “gespäichert” a sti bei enger zweeter Infektioun scho prett fir méi schnell an effikass ze reagéieren.

Et gi verschidde Méiglechkeete wéi mir eisem Kierper deen Antigen virstelle kënnen.

  1. Den Erreeger ass entweder dout (Totimpfstoff) oder ofgeschwächt (Lebendimpfstoff).
  2. Mir ginn dem Kierper déi genetesch Informatioun vum Erreeger, also seng DNA oder RNA. Déi déngt als Virlag, sou dat eis Zellen ee klengen Deel vum Erreeger selwer produzéiere kënnen an eise Kierper dann doropshin déi néideg Antikierper produzéiert. Mir kréie bei enger Impfung also net den Erreeger selwer, mee just e klengt Stéck vun em presentéiert, wat erkläert wisou mir duerch d’Impfung net krank ginn. Am Fall wou mir eis awer mam Virus ustiechen, ginn eis Zellen iwwerfall an de Virus ka sech an eisem Kierper verbreeden, soudass mir krank ginn.

Wisou soll ech mech impfe loossen, och wann ech de Virus schonn hat?

  1. Et ass bei enger Infektioun net garantéiert, dass ee genuch Antikierper produzéiert fir iwwert länger Zäit geschützt ze sinn.
  2. Et ass net sécher op déi Antikierper, déi een duerch eng Infektioun mécht, och géint déi verschidde Mutatioune schütze kënnen.

Wisou soll ech mech impfe loossen, och wann ech net zur Risikogrupp gehéieren?

  1. Et kann een ni genau virausgesi wéi ee Mënsch op d’Infektioun reagéiere wäert. Et ass also méi sécher sech impfen ze loossen ewéi de Risiko anzegoen, schwéier krank ze ginn.
  2. Soubal genuch Leit immuniséiert sinn, fënnt de Virus net méi genuch Opfer, bei deenen e sech ausbreede kann a stierft am beschte Fall aus. Wann circa 70% vun de Leit immun sinn, schwätze mir vun der Herdenimmunitéit. Doduerch sinn dann och déijéineg geschützt déi sech beispillsweis wéinst engem ze schwaachen Immunsystem net impfe loosse kënnen.

Dës Taktik huet schonn eng Kéier groussen Erfolleg gewisen: déi geféierlech an déidlech Krankheet Kinderlähmung (och Poliomyelitis, kuerz Polio, genannt) huet oft als Laangzäitfolleg schwéier deforméiert Been verursaacht. Duerch flächendeckend Impfungen ab ca. 1955 konnt dës schlëmm Krankheet quasi ausgerott ginn. Europa ass säit 2002 Polio-fräi an weltwäit liewen 80% vun der Bevëlkerung a Polio-fräie Gebidder. Wa lo awer manner wéi circa 70% vun der Populatioun sech impfe léisst, dann huet de Virus weiderhi gutt Chancen sech ze verbreeden an d’Pandemie kritt keen Enn.

Dir wëllt nach méi doriwwer liesen?
Understanding Vaccines – PublicHealth.org
https://www.impfen-info.de/wissenswertes.html