SCOPE – Standing Committee on Professional Exchange

Depuis juillet 2020, l’ALEM est officiellement membre actif du « Standing Committee on Professional Exchange » (SCOPE) de la « International Federation of Medical Students’ Associations » (IFMSA). Fondée en 1951 par l’IFMSA, le SCOPE est considéré comme un pilier fondamental de la Fédération ayant le but de promouvoir l’échange culturel et le partage du savoir.
Qu’est-ce qu’est le SCOPE ?
Le principe d’un échange SCOPE est de donner aux membres d’une association d’étudiants en médecine, tel que l’ALEM, la possibilité d’effectuer un stage médical dans un autre pays du monde. Chaque pays membre de l’IFMSA peut envoyer des étudiants en médecine humaine dans un pays partenaire et en en retour, il faut que les pays envoyant accueillent eux-mêmes aussi des étudiants étrangers.
Le pays accueillant a comme devoir d’organiser un stage médical de quatre semaines pour les étudiants de l’échange ainsi qu’un logement, un repas par jour et un programme d’activités sociales et éducatives pendant le temps libre des étudiants.
Les avantages du SCOPE par rapport à un ERASMUS sont que le SCOPE n’est pas limité à l’Europe et que la durée du stage est limitée à quatre semaines. En fonction du pays d’études et de l’université, ce stage peut éventuellement être effectué comme stage médicale ordinaire reconnu par l’université de l’étudiant.
Comment accéder à un stage SCOPE ?
Afin de pouvoir accéder à un stage SCOPE, il faut être membre de l’ALEM. Dans une deuxième étape, un score individuel qui prend en charge des critères divers, est créé au cours de l’affiliation dans l’ALEM.
Ce score décide sur la priorité d’accès à un stage SCOPE. Il prend en compte les catégories suivantes : engagement au sein de l’ALEM (Membre du Comité, Membre Assistant), Participation dans des événements (Tuteur activités médicales, « Petziklinik », activités du SCOPE, …), participation et engagement internationaux ou extracurriculaires (CGDIS, scouts, bénévolat, musique, sport à haut niveau). Les détails sur la sélection et l’affiliation des étudiants pour l’échange SCOPE sont notés dans le règlement interne de l’ALEM.
How does a SCOPE exchange work in Luxembourg?
ALEM is cooperating with the country’s four main hospital groups: the Centre Hospitalier du Nord (CHdN) in Ettelbruck, the Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) in Esch-Alzette and Niedercorn, the Centre Hospitalier du Luxembourg (CHL) and the Hôpitaux Robert Schuman (HRS) in Luxembourg-City. The incoming students will be distributed among the hospitals and departments according to criteria defined by the ALEM and the cooperating hospitals.
To ensure that the incomings are supported at all times, there will be a team of ALEM Team members and regular members that will take care of the incoming students during their stay, accompany them during the social program and will be available for any questions.
Comment se déroulent les stages au Luxembourg ?
L’ALEM poursuit une coopération avec les quatre groupes hospitaliers principaux du pays : le Centre Hospitalier du Nord (CHdN), le Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM), le Centre Hospitalier du Luxembourg (CHL) et les Hôpitaux Robert Schuman (HRS). Les étudiants étrangers seront distribués dans les différents services et hôpitaux selon des critères définis par l’ALEM et les hôpitaux respectifs.
Afin de pouvoir encadrer les étudiants étrangers, il y a une équipe formée par l’ALEM Team et des membres ordinaires, qui s’occupera de leur accueil au Luxembourg et des activités sociales dans leur temps libre ainsi que de répondre à toutes les questions des étudiants au cours de leur échange.
En 2021, les premiers étudiants luxembourgeois ont participé aux échanges SCOPE et en août 2021, les premiers étudiants étrangers ont été accueillis au Luxembourg. Les pays partenaires de chaque saison sont annoncés en automne. Pour plus d’informations, vous pouvez consulter notre page Facebook ou Instagram ou nous contacter par mail: neo@alem.lu.
E “SCOPE-Stage” ass en medezinesche Stage, den am Kader vun engem Austausch iwwert d’IFMSA (International Federation of Medical Students’ Associations) organiséiert gëtt. D’ALEM an all déi aner Medezinerassociatioune vun der ganzer Welt sin Member vun der IFMSA an doduerch all matenee vernetzt.
Konkret heescht dat, dass iwwert d’ALEM de Kontakt zum Ausland hiergestallt gëtt, däi Stage am auslännesche Spidol organiséiert gëtt an dass du eng Schlofplaz gestallt kriss. Des Weideren hues du sur place en studenteschen Uspriechpartner an du kanns um social program deelhuele fir d’Land an d’Kultur vun dengem Gaaschtland kennenzeléieren.
SCOPE Kontrakter lafen ëmmer vun Abrëll bis Abrëll, deementspriechend ass déi nächst Méiglechkeet vum 01.04.2023 bis den 31.03.2024
D’ALEM handelt all Joer mat ënnerschiddleche Länner Kontrakter aus, wou een da fir säi Stage higoe kann. Wéi eng Länner dat sin ännert all Joer.
Wanns du dech entscheet hues wéi eng vun de Länner, mat deenen d’ALEM e Kontrakt huet, dech am meeschten interesséiere, fëlls du den Umeldungs-Google-Forms vun der ALEM aus, a mir kontaktéieren dech dann fir dir Bescheed ze ginn ob s du fir e Stage ugeholl bass oder net.
D’Entscheedung, ween eng Stageplaz kritt gëtt no de Modalitéiten vum Règlement Interne no engem Punktesystem vun der ALEM gefält. An dësem Punktesystem gëtt virun allem d’Engagement an der ALEM berécksiichtegt an awer och verschidden extra-curriculaire Aktivitéiten, Sproochekenntnisser an dat aktuellt Studiejoer (wat méi en héicht Joer, wat méi Punkten). Déi genau Punkteverdeelung gesäit een op alem.lu an der Rubrik SCOPE.
Wann s du vun der ALEM ugeholl bass, gëss du fir eng International online Database vun der IFMSA fräigeschalt an do muss du da Formulairen ausfëllen an Dokumenter héichlueden, déi vun dengem Gaaschtland gefuerdert ginn. Op der Plaz gëss du och de genauen Zäitraum un wéini’s du däi Stage wëlls maachen, a wéi enger Stad vun dem Land dass du däi Stage wëlls maachen an a wéi enger Spezialitéit. All déi Informatioune ginn un däi Gaaschtland geschéckt, dat dir dann däi Stage endgülteg bestätegt.
Opgepasst: all Land huet bëssen aner Fuerderungen a Konditioune fir d’Stagen! Hei fënns du all d’Informatiounen zu allen Länner vun der Saison 2022/23: https://exchange.ifmsa.org/exchange/explore/nmo/list
Déi zesummegefaassten Angaben an der Tabell sinn ouni Gewähr. Fir op Nummer sécher goen léiwer selwer ënnert dem Link noliesen.
Brasil (DENEM) | English required; Stage iwwert d’ganzt Joer méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/11 |
Costa Rica (ACEM) | Spanish required; Stage iwwert ganzt Joer méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/22 |
Mexiko (AMMEF) | English required; Spanish an verschiddenen Stied an an verschiddenen Departments required; Stage iwwert d’ganzt Joer méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/59 |
Schwäiz (SWIMSA) | French, German, Italian je no Stadt required | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/86 |
Litauen (LIMSA) | English required; Stage iwwert d’ganzt Joer méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/55 |
Portugal (ANEM) | English required; Stage NET iwwert d’ganzt Joer méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/74 |
Spuenien (IFMSA Spain) |
English required; Spanish an verschiddenen Stied an an verschiddenen Departments required; Stage iwwert d’ganzt Joer méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/83 |
Schweden (IFMSA Sweden) |
English required; Stage just am Juli an August méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/85 |
Kanada-Québec (IFMSA Quebec) |
English and French required: Stage iwwert d’ganzt Joer méiglech; Stagelängt 3 Wochen | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/17 |
Déi sou genannte “Card of Acceptance”, also deng Bestätegung a wéi enger Stad an a wéi engem Service du ugeholl bass, kriss de an der Reegel spéitstens 6 Woche virum Ufank vum Stage gesot.
Dat hänkt ganz vun dengem Gaaschtland of. Detailer dozou fënns de ënnert de Links an der Tabell. Englesch muss ee fir a quasi all Land gutt kennen. Fir vill südamerikanesch Länner a fir verschidde Stied a Spezialitéite muss een och e gudde Niveau am Spueneschen hunn.
Bis ewell hu mir d’Erfarung gemaach, dass de Premièresdiplôme mat dem zousätzleche Certificat vun de Sproochenniveauen, déi een no der Première huet, duer geet. Dësen zousätzleche Certificat ass net beim Diplôme dobäi, mee dee kann ee beim Ministère ufroen. Et ginn awer verschidde Länner, déi op een offizielle Sproochentest bestinn. Dëst bleift all Kéiers mat dem jeeweilege Land ofzeklären.
Wann de Stage vun dengem Gaaschtland ofgesot gëtt, kriss de an de Reegel d’Méiglechkeet gebueden, däi Stage op en alternativen Zäitpunkt ze verréckelen. Wann dat net geet, kriss de vun der ALEM och all d’Suen zeréckerstatt déi’s du bis dann bei der ALEM fir de Stage bezuelt hues. Fir den Transport fir dohinner an zréck bass du selwer verantwortlech an kriss da keng Sue vun der ALEM dofir zeréckerstatt. Mir empfeelen dir eng Optioun mat Annulatioun ze wielen.
Wann s du vun dir aus de Stage annuléiers, kriss du keng Sue vun der ALEM zeréckerstatt, déi s du bis dohi bezuelt hues, ausser du fënns eng Persoun déi deng Stageplaz iwwerhëllt. Fir de Vol, Zuch oder Bus gëllt dat selwecht wéi uewen.
De Betrag gëtt all Joer nei festgeluecht, mee de Stage kascht ëmmer an der Moyenne tëschent 450 a 500€. Doran enthale sinn: eng Schlofplaz, d’Stageplaz am Gaaschtland an eventuell en Deel oder de gesamte Social Program. Den Transport bis an d’Stageland, also Vol, Bus, Zuch, … muss du selwer bezuelen.
Fir deng Umeldung bei der ALEM brauchs du e Certificat de Scolarité/ eng Immatrikulationsbescheinigung. Zousätzlech kanns du fir e méigleche Bonus am Punktesystem divers Dokumenter raschécke, wéi zum Beispill Sproochenoweiser, Musiksdiplomer etc. Wéi eng Dokumenter all fir Bonuspunkten consideréiert ginn, kanns du am Règlement Interne an/oder am Umeldungsformular noliesen.
Fir d’Umeldung op der Database vun der IFMSA brauchs du dann dono nach eng ganz Rei weider Dokumenter. Wéi eng dat sinn ass rëm vu Land zu Land verschidden, mee quasi ëmmer dobäi sinn: Lettres de motivation fir déi verschidde Spezialitéite fir déi’s du dech mells, CV, Impfpass, Studentekaart/Immatrikulationsbescheinigung, Sproochenoweis, Noweis vun enger Krankeversécherung, eng Foto, …
Wärend dengem Stage kriss du eng Schlofplaz an dengem Gaaschtland gestallt. Dës kann eng WG, en Eenzelappartment, eng Gaaschtfamill, en Wohnheimszëmmer o.a. sinn. Genau Detailer wéi däin Gaaschtland dat handhaabt fënns de ënnert de Links aus der Tabell.
Jo, dëse Stage gëtt vun den däitschen Unis als Famulatur unerkannt, wann en de Modalitéiten entsprécht déi d’Prüfungsamt vun denger Uni fir eng Famulatur virschreift. Ee SCOPE Stage kann een awer net als PJ-Tertial maachen. Fir sécher ze goen, dass de Stage unerkannt gëtt, empfeele mir dir awer beim zoustännege Prüfungsamt nozefroen.
Leider gëtt dëse Stage an der Belsch net als offizielle Stage unerkannt, ausser op der VUB. Fräiwëlleg Stage sinn awer ëmmer gäre gesinn am CV.
Op verschiddene franséischen Unie gëtt e Stage am Ausland unerkannt oder ass valabel fir den dossier personnel. Mir empfeelen opgrond vun zimmlech komplizéierte Situatiounen, déi vun Uni zu Uni anescht sinn, deng Uni ze kontaktéieren.
Op den “Explore Pages” vun den eenzelne Länner fënns du all d’Informatiounen zu de verschiddene Stied an deenen’s du kanns e Stage maachen.