Léif Memberen,

mir si frou iech kënne matzedeelen, dass d’Umeldung fir déi nei SCOPE Exchange Saison elo op ass!

Fir d’Saison Abrëll 2023-Mäerz 2024 hu mir Platzen a folgende Länner ze verginn:

  • Chile
  • Italien
  • Japan
  • Kanada-Québec
  • Kroatien
  • Litauen
  • Portugal
  • Schwäiz
  • Schweden
  • Ungarn

Fir d’Saison bis Mäerz 2023 hu mir och nach dräi Reschtplatzen a folgende Länner ze verginn:

  • Litauen
  • Portugal
  • Spuenien

D’Konditioune vun de verschiddene Länner, de Punktesystem, no deem d’Platze verdeelt ginn, souwéi d’Äntwerten op déi heefegst gestallte Froen fënns du hei: https://alem.lu/standing-committees/scope/

D’Umeldunge sinn op bis den 12. Oktober ënnert folgendem Link: https://forms.office.com/r/P7jxVMYiSw

Wat ass den SCOPE Exchange Projet?
Desen Projet erméiglecht et Medezinstudéierenden am drëtte Studiejoer oder méi wäit, ee Stage iwwert 4 Wochen am Ausland ze maachen.

Bei der Umeldung kanns du uginn, op wéieng Platzen’s du am léifste wëlls higoen. D’Platze ginn da verdeelt no engem Punktesystem, deen nozeliesen ass an eisem Règlement Interne op eiser Internetsäit. Punkte kritt een zum Beispill fir en Engagement bei der ALEM oder fir extracurriculaire Aktivitéiten wéi Benevolater oder Instrumenter spillen.

Soubal’s du eng Platz bei eis hues, gëss du vun eis duerch de ganzen Umeldungsprozess bei dengem jeeweilege Land gefouert. Du bass zu all Zäit begleet a kanns eis all deng Froe stellen!

Wat sinn d’Virdeeler vun engem SCOPE Échange géigeniwwer engem selwer organiséierten?

  • Du kriss vun der Medezinstudéierendenassociatioun an dengem Gaaschtland deng Stageplatz organiséiert a muss net selwer a Kontakt mat Kliniken trieden.
  • Du kriss e Logement gestallt a muss dech net selwer em eng Wunnengssich këmmeren.
  • Du bass permanent encadréiert an hues an denge véier Wochen dohannen ëmmer eng lokal Uspriechspersoun.
  • Du kriss vun de lokale Medezinsstudéierenden an hirem social program déi schéinst Ecker vun hirem Land gewisen.
  • Du léiers automatesch Medezinsstudéierend aus der ganzer Welt kennen, déi och iwwert de SCOPE Programm hiren Échange an dengem Gaaschtland maachen.
  • Dat ganzt kascht dech just eng Pauschal vu 500€ – do ass deng Stageplatz, däi Logement, de social program an ee waarmt Iessen den Dag inclus!

Du bass iwwerzeegt? Da mell dech bis den 12. Oktober iwwert dëse Forms un : https://forms.office.com/r/P7jxVMYiSw

Bei jegleche Froen, mell dech gäre bei eis ënnert neo@alem.lu oder op Social Media!

Op eise Social Media Channels kriss du ëmmer déi aktuellsten Neiegkeeten, also follow eis gären op Facebook (ALEM – Luxembourgish Medical Students’ Association) an op Instagram (@alem.lu) fir absolut näicht ze verpassen!

Léif Gréiss,
Äert ALEM Team 2022