Léif Memberen,
am Mäerz ass et erëm sou wäit an déi éischt General Assembly vun der IFMSA (International Federation of Medical Students’ Associations) fënnt statt.
Dest Joer fënnt de March Meeting vum 1. bis de 7. Mäerz 2023 zu Tallinn an Estland statt!
Wat ass eng IFMSA General Assembly?
D’IFMSA ass den Daachverband vun 139 verschiddenen Medezinstudéierendenassociatiounen aus 130 Natiounen aus der ganzer Welt. Op den General Assemblies kommen des Medezinstudéierend zesummen, fir sech ënnerteneen iwwert medezinnesch Themen an hir kulturell Ënnerscheeder auszetauschen. Et léiert ee ganz vill nei Leit kennen a ka Frëndschaften rondrëm de Globus schléissen.
Fir méi genau ze wëssen, wat een während der Woch mecht, kuck dir gären eisen Erklärungsvideo dozou op Youtube un: https://youtu.be/dPtXxHWPOTY
Formalitéiten
– D’ALEM bezillt deng Participation fee, déi d’Iessen an de Logement fir déi komplett Woch beinhalten. Ausserdeem kriss du en Deel vun denge Reeskäschten rembourséiert.
– Fir kënnen deel ze huelen, muss du eis deng Kandidatur bis spéitstens den 20. November op contact@alem.lu schécken. Des soll deng perséinlech Donnéen beinhalten, an eis weisen firwats du op de Meeting mat wëlls, a firwats du dofir geeegent bass.
Bei jegleche Froen, mell dech gäre bei eis ënnert contact@alem.lu!
Op eise Social Media Channels kriss du ëmmer déi aktuellsten Neiegkeeten, also follow eis gären op Facebook (ALEM – Luxembourgish Medical Students’ Association) an op Instagram (@alem.lu) fir absolut näicht ze verpassen!
Léif Gréiss,
Äert ALEM Team 2022