Am Ufank ass et natierlech e bësse komesch, mee et gewinnt ee sech relativ schnell drun. Am éischte Joer an Däitschland ginn d’Basen an der Chimie, Physik a Biologie rëm erkläert an do ass et hëllefräich, wann ee schonn e Virwëssen vum Lycée huet, och wann et am Ufank e klengen Challenge ass, vun enger Sprooch op déi aner ze wiesselen. Wann ee vum éischte Joer Uni.lu dono an Däitschland wiesselt muss een e puer Saachen nohuelen, déi een op der Uni.lu net gemaach huet. Do huet een dann och d’Geleeënheet sech un d’Sprooch unzepassen.