Fir kënne Medezin an Däitschland ze studéiere huet een um Schluss vun der Première idealerweis eng Moyenne vun 1.0, wat an eisem Schoulsystem enger 50-60 entsprécht. D’Konversioun vun der Nott gëtt vun «Hochschulstart» gemaach nodeems ee seng Kandidatur op der Plattform gestallt huet. D’Mentioun gëtt selwer net gekuckt. Jee no Uni ofhängeg ginn et Krittären wéi den TMS, Formatiounen am Gesondheetswiesen oder Präiser an naturwëssenschaftleche Kompetitiounen, déi och an d’Admissioun mat era spillen. Et ass also och méiglech, mat enger Moyenne ënner 50 Medezin an Däitschland ze studéieren.