,,Zu Risiken und Nebenwirkungen lesen Sie...’’

eise Beitrag ronderëm déi méiglech Niewewierkunge vun der Impfung géint den Coronavirus!

Wéi bei all Impfung kann et och bei der SARS-CoV-2-Impfung zu Niewewierkungen kommen. Doduerch dass d’Impfung eng Immunreaktioun bei eis ausléist an Antikierper produzéiert, kann et sinn, dat d’Platz wou ee gepickt ginn ass, rout gëtt an e bësse wéi deet. Et kann een och Féiwer a Kappwéi, esou wéi Glidderschmerze kréien. Dëst ass normal, ka bei all Impfung optrieden, a weist dass d’Immunsystem aktivéiert ass an d’Impfung wierkt. Dës Symptomer hale maximal 72 Stonnen un.

Aner, méi seelen Niewewierkungen kënnen innerhalb vun e puer Stonnen (z.B. als allergesch Reaktioun) oder Deeg (z.B. Autoimmunerkrankungen) no enger Impfung optrieden. Wa vu Langzäitfolgen geschwat gëtt, handelt et sech ëm Niewewierkungen, déi relativ séier optrieden, mee méi laang unhalen, et handelt sech net em Folgen déi eréischt no e puer Joer optrieden, dat gëtt et bei Impfungen net. Beispillsweis huet d’Pockenimpfung fréier a seelene Fäll eng Gehierentzündung ausgeléist an konnt doduerch Langzäitschied verursaachen. D’Langzäitfolgen bei de SARS-CoV-2-Impfungen sinn (nach) net bekannt, well se esou seelen sinn. Anerersäits ass awer bekannt dass no enger Infektioun mam Langzäitfolgen optriede kënnen, dëst Phänomen gëtt “Long Covid” genannt. Laut dem RKI haten 13,3% vun den un Covid-19-Erkrankten an enger Studie nach méi wei 4 Wochen laang Symptomer an 2,3% haten der nach, déi méi wi 3 Méint ugedauert hunn.

Fir nach eng Kéier op den AstraZeneca-Impstoff anzegoen: an Däitschland goufen 2,7 Millioune Persoune mam Impfstoff vun AstraZeneca geimpft. Vun denen hunn der 31 eng Sinusvenenthrombos innerhalb vu 4-16 Deeg no der Impfung gemaach. Vun deenen 31 sinn der 9 gestuerwen. Bei de betraffene Persounen handelt et sech haaptsächlech ëm jonk Fraen, all am Alter tëscht 20 an 55 Joer an em 2 Männer. Et ass nach net bewisen, dass en Zesummenhang tëscht der Impfung an den Thrombosen besteet, als Virsiichtsmossnam huet d’STIKO an Däitschland awer recommandéiert, dat just nach Persounen iwwert 60 Joer mat AstraZeneca geimpft ginn, vu dat an dëser Altersgrupp kee Fall vun enger Sinusvenenthrombos no der Impfung opgetrueden as. D’EMA an d’WHO anerersäits halen dru fest, den Impfstoff och bei Leit ënnert 55 weiderhin anzesetzen. Drounner hällt sech och Letzebuerg, hei gëtt et momentan also keen Stopp fir den AstraZeneca-Impfstoff. A Lëtzebuerg sinn bei 22.000 gesprëtzten AstraZeneca-Dosen nach keng Sinusvenethrombosen opgetrueden.

Op d’Symptomer vun der Impfung méi schlëmm sinn wéi Symptomer vun enger COVID-19 Erkrankung, déi vun Houscht a Middegkeet bis zu beotmungsflichtege Longenentzündungen an Doud féiere kënnen, sief ärem eegenen Jugement iwwerlooss.

Dir wëllt nach méi doriwwer liesen?
RKI – Coronavirus – Epidemiologischer Steckbrief zu und COVID-19
So häufig sind Langzeitfolgen bei einer Corona-Infektion – quarks.de
https://www.zdf.de/nachrichten/panorama/corona-impfstoff-langzeitschaeden-100.html