Momentan sinn 3 Impfstoffer géint de Coronavirus an Europa zougelooss. Wéi wierken déi, a wat geschitt do genau an eisem Kierper?

Wéi schonns an eisem leschte Beitrag beschriwwe gouf, bereet eng Impfung de Kierper op eng Konfrontatioun mat engem Erreeger (z.B. engem Virus) fir. Duerch den Impfstoff ginn eisem Kierper kleng Bestanddeeler vum Erreeger zougefouert, wouropper eist reagéiere kann. Dës eenzel Bestanddeeler sinn awer net geféierlech fir eise Kierper.

Am Fall vum Coronavirus handelt et sech bei dësem Bestanddeel em dat sou genannten Spike-Protein. Dëst Protein befënnt sech un der baussechter Säit vun der Membran vum Coronavirus, an et erméiglecht dem , a mënschlech Zellen anzedréngen. Dat bedeit awer och, dass genau dëst Spike-Protein liicht vun eisem entdeckt gi kann, an de op des Aart a Weis schnell eliminéiert kann ginn, nach ier de eis gesond Zellen infizéiere kann.

Wéi funktionéieren elo déi verschidden Impfmethoden?

Déi 3 Impfstoffer verfollegen dat nämmlecht Ziel: eis eegen Zelle sollen déi Bestanddeeler vum Erreeger (Spike-Protein) selwer hierstellen, fir déi dann eisem präsentéiere ze kënnen. Dëst léist lokal eng gewollt Immunreaktioun aus. Dëst erkläert och, firwat een heefeg no enger Impfung liicht Péng un der Impfplaatz huet: de Kierper weist déi gewënschte Reaktioun. Déi wéineg kierpereegen Zelle, déi dëst Spike-Protein hierstellen, ginn nämlech vun eisem eliminéiert. Doduerch ginn d’Impfbestanddeeler mat eliminéiert, d’Erënnerung vum un de bleift awer erhal – clever, oder?

Mee wéi kann eis Kierperzell dëst Spike-Protein selwer hierzestellen?

All Zell aus dem Kierper produzéiert eng riseg Quantitéit u verschiddene Proteiner (souzesoen d’Bausteng vun der Zell). D’Kachbicher vun dëse Proteiner sinn am Zellkär, an der DNA. Gëtt ee Protein gebraucht, sou gëtt säi Kachbuch ofgeschriwwen. Des „Ofschrëft“ gëtt als bezeechent. Déi verléisst elo den Zellkär, well am Zellkär selwer kënnen déi Proteiner net hiergestallt ginn. En plus ass et net méiglech, dass dës an ee Bauplang (DNA) zeréckgefouert gëtt! Kennt déi am un (ausserhalb vum Zellkär, mee nach an der Zell), da kann dëst “Rezept” benotzt ginn, fir dat entspriechend Protein hierzestellen. De Kierper huet sech hei ee wichtege Mechanismus ausgeduecht: fir dass eng Zell net dauerhaft dat selwecht Protein hierstellt (wat soss zu engem Iwwerfloss feiere géif) gëtt déi mRNA schonn no kuerzer Zäit (no e puer Stonnen) ofgebaut. Doduerch ass et der Zell erméiglecht, genau déi richteg Quantitéit u Proteiner hierzestellen, déi se och braucht.
Op dësem clevere Prinzip baséieren déi nei mRNA-Impfstoffer (Biontech/Pfizer a Moderna). Bei dësen Impfstoffer kritt de Kierper d’„Rezept“ fir d’Hierstellung vum Spike-Protein. Déi kierpereegen Zellen un der Impfplaatz huelen dës mRNA op a kënnen déi benotzen, fir d’Spike-Protein hierzestellen. Doropshin kann et dann dem Immunsystem presentéiert ginn watt dan seng Ofwier opbaut. Wei schonns am Viraus beschriwwe gouf, gëtt dës mRNA séier vun der Zell ofgebaut, sou dass d’Spike-Protein net dauerhaft produzéiert gëtt. Wéi schonn erwähnt ass et net méiglech, mRNA an DNA ëmzewandelen. Dat bedeit, dat eis eege Gener duerch dës Impfung net verännert ginn.

Eng aner Method, wei se och scho bei anere Krankheeten agesat gëtt, ass d’Vektor-Methode (z.B. AstraZeneca). Als „Vektor“ bezeechent een eng Zort „Transportmëttel“. Am Fall vun AstraZeneca sinn dat speziell, ongeféierlech Viren (sougenannten Adenoviren). Dat bedeit, dass des Vire sech am Kierper net multiplizéiere kënnen. Dës Adenoviren enthalen net d’mRNA vum Spike-Protein, mee d’DNA, also direkt d´Kachbuch. Dës Adenovire gi vun den eegene Kierperzellen op der Impfplaatz opgeholl an d’DNA gelaangt an den Zellkär. Allerdéngs huet eis Zell keng Méiglechkeet, fir des friem DNA an déi eegen DNA anzebauen: eis Gener ginn also och hei net verännert. D’Zell benotzt rëm des DNA, fir dorausser mRNA ze produzéieren. De Rescht verleeft op déi bekannten Aart an Weis: puer wéineg Zelle gi vum Immunsystem erkannt an eliminéiert, déi viral Bestanddeeler sinn domat och eliminéiert, an eist Immunssystem huet eng Erënnerung un de Virus behal.

https://www.ema.europa.eu/en/medicines/human/summaries-opinion/covid-19-vaccine-astrazeneca
https://www.pei.de/DE/arzneimittel/impfstoffe/covid-19/covid-19-node.html;jsessionid=4EFD2C1A0063666F87D3E17B54E9A2BC.intranet241
https://biontech.de/covid-19-portal/mrna-vaccines
https://www.nytimes.com/interactive/2020/health/oxford-astrazeneca-covid-19-vaccine.html