Warscheinlech krus du mat dat d’EMA (european medicines agency) e 5ten Impfstoff géint SARS-CoV-2 zougelooss huet. Mee wéi funktionéiert dësen Impfstoff, wat ass den Ënnerscheed zu den Impfstoffer déi bis elo zougelooss sinn a wéi gutt schützt e virun der SARS-CoV-2 Erkrankung?

Hei fënns du d’Äntwerten op deng Froen:

  • Bis elo ass den Novavax Impfstoff (NVX-CoV2373) just fir Mënschen iwwer 18 Joer recommandéiert.
  • D’Grondimmuniséierung besteet aus zwou Impfdosissen, déi am Ofstand vun 21 Deeg gesprëtzt ginn.
  • De Vaccin gouf a verschidde Studie getest: insgesamt u méi wéi 45.000 Proband:innen. An de Studien ass rauskomm dat d’Impfung mat enger Effikassitéit vun 90% géint eng Erkrankung u COVID schützt. Dat bedeit, dat ënnert de Probanden déi an der Studie geimpft gi sinn, 90 Prozent manner Erkrankungen opgetruede si wéi bei Probanden déi net geimpft goufen. Wéi effektiv de Vaccin géint d’ Omicron Variant ass, ass awer nach net kloer.

Wéi funktionéiert dësen Impfstoff?
Beim Novavax handelt et sech – anescht wéi bei den aktuellen Impfstoffer (als Rappell: BionTech/Pfizer & Moderna = mRNA Impfstoffer, Johnson&Johnson & AstraZeneca = Vektorimpfstoffer) – ëm e rekombinante Proteinimpfstoff. Déi Proteinnen gi mat Hëllef vun engem anere Virus an Zelle vun engem Päiperlek (jo, du lies richteg!) hiergestallt. Et handelt sech dobäi ëm déi sougenannte – a mëttlerweil bekannte – Spike Proteinnen. Dat sinn d’Uewerflächeproteinnen vum SARS-CoV-2. Anescht wéi ugeholl handelt et sech heibäi net ëm een Doudimpfstoff am klassesche Sënn: zu engem Doudimpfstoff gehéiert an de meeschte Fäll den ofgestuerwen Erreeger, oder eben eenzel Deelercher dovun. Am Novavax sinn allerdéngs just kënschtlech Spike Proteinnen, déi ni tatsächlech ob engem SARS-CoV-2 Virus „gewunnt“ hunn.

Soubal eist Immunsystem dës Spike Proteinnen an eisem Kierper bemierkt, reagéiert et a fänkt un Antikierper géint sinn hierzestellen. Dës Antikierper sinn ab dann an der Lag Spike Proteinne vum COVID-19 Virus ze erkennen an ze bekämpfen. Wa mir also no der Impfung mam Virus a Kontakt kommen, hu mir schonn Zellen déi d’Uewerflächeproteinnen (Spike Proteinnen) vum COVID-19 Virus erkennen an direkt bekämpfe kennen.

Wat ass da lo den Ënnerscheed zu den Impfunge géint COVID-19 déi bis elo schonn un Marché sinn?

D’mRNA- a Vektorimpstoffer transportéiere de Bauplang vum Spike Protein an eise Kierper, wouropshin e puer ausgewielten Zellen an eisem Kierper de Bauplang liesen a Spike Proteinnen hierstellen. Op dëst selwer hiergestallte Spike Proteinne reagéiert dann eist Immunsystem.

Beim Impfstoff vun Novavax kréie mir déi Spike Proteinnen direkt gesprëtzt, ouni dass eise Kierper se selwer hierstelle muss. D’Reaktioun vum Immunsystem op d’ Spike Proteinnen déi sech an eisem Kierper befanne leeft bei béiden Impfstoffarten d’selwecht of. Just de Wee wéi se an eise Kierper kommen ännert.

Op dësen Impfstoff Impfskeptiker iwwerzeegt sief dohi gestallt. Dës Technologie op Proteinsbasis ass scho säit 1986 bekannt. An de Studie goufen insgesamt nëmme wéineg Niewewierkungen, an dovun déi meescht ganz mëll bis moderat gemellt. Déi aner véier Impfstoffer goufe mëttlerweil weltwäit méi wéi 8 Milliarde mol verimpft. Méi Daten a Fakten iwwert eng Impfung kann een net méi hunn. Gläichzäiteg si säit dem Ufank vun eiser Pandemie (Stand Haut: 23.12.2021, 19:49) 5364996 Mënschen u COVID-19 gestuerwen.

Am Endeffekt ass et egal mat wats du dech impfe léiss, mee: looss dech impfen.