Léif Memberen,

mir als ALEM Team sinn immens frou, dass mir dëst Joer nees kënne vill vun eise regulären Aktivitéiten ophuelen, déi mer säit 2020 opgrond vun der Pandemie net konnte statt fanne loossen. Allerdéngs hu mir gemierkt, dass par rapport zu den Zäite virun der Pandemie net méi sou vill Engagement vun eise Memberen do ass, wat mir zimmlech schued fannen. Am Team hu mir vill doriwwer nogeduecht, u wat dat leie kéint, a sinn no ville Spekulatiounen zum Entschloss komm, dass et am beschten ass, einfach déi concernéiert Leit ze froen, an dat sidd dir selwer!

Des Ëmfro déngt eis eraus ze fannen, wéi mir kënnen eis Aktivitéiten a Kommunikatioun mat iech verbesseren an eis méi kënnen un är Besoin’en a Wënsch upassen, fir iech méi dozou engagéieren, bei eis matzemaachen. Déi ganz Ëmfro auszefëllen dauert ongeféier 10 bis 15 Minutten a mir wieren iech wierklech immens dankbar, wann dir géift deel huelen – egal op dir een ALEM Regular sidd oder iech nach ni wierklech fir eis Aarbecht interesséiert hutt. D’Ëmfro ass anonym, also sidd roueg esou éierlech wéi méiglech mat eis.

Mir freeën eis iwwert all eenzele Feedback, dee mir vun iech kréien. Elo scho mol ee risegrousse Merci u jidderee vun iech, deen deel hëllt!