"Den Impfstoff ass vill ze séier op den Marché komm, dat kann net gutt sinn!"...Oder?

Wéi den Impfstoff esou séier op den Marché konnt kommen, ouni dass bei den Tester oder bei der Sécherheet gespuert gouf, dat erkläre mir Iech hei:

Wéi eng Phase muss eng Impfung duerchlafen, ier ech se kréien dierf?

Wéi all Medikament muss eng Impfung duerch verschidden Testphase lafen, fir ze garantéieren dass se éischtens sécher ass an zweetens hiert Ziel erfëllt: eis ze immuniséieren.

Dëse ganze Prozess dauert am Prinzip an der Moyenne 8-10 Joer. D’Impfung géint Covid-19 ass awer innerhalb vun engem Joer op de Marché komm.

Wisou?

  1. Beim präklineschen Deel ass vill Zäit gewonne ginn, well ee scho säit Joren u Vire fuerscht, déi mam SARS-CoV-2 Famill sinn a säit méi wéi 20 Joer gëtt un mRNA- an DNA-Impfunge gefuerscht.
  2. Et sinn immens vill Suen investéiert ginn (méi wéi 7 Milliarden Euro), wouduerch d’Firmen méi finanziell Risiken agoe konnten. Doduerch konnte verschidde Phasen an d’Hierstellung parallel lafen, amplaz noeneen. Wärend de Stoff nach an der Phase 2 oder 3 war, konnt parallel scho mat der Hierstellung ugefaange ginn. Sou dass een am Fall vun Succès an der klinescher Phase 2, schonn eng Quantitéit Impfstoff prett huet soubal d’Zouloossung eraus ass, an net dann eréischt mat der Produktioun ufänke muss.
  3. D’Wierksamkeet vum Impfstoff gëtt ënnert anerem dorunner gemooss wéi vill Leit aus der geimpfter Grupp sech par Rapport zur Placebo Grupp (déi krute keen Impfstoff) mam Virus infizéieren. Vu dat den Virus sech schnell ausbreet, muss een net laang waarde bis d’Gruppen dem Virus ausgesat sinn, an een sech d’Effikassitéit vun der Impfung ukucke kann.

Hei sinn déi eenzel Phasen kuerz erkläert:

D’präklinesch Phase: Fir d’éischt muss analyséiert ginn op wéi eng Struktur vum Erreeger eist Immunsystem äntwert, dës Struktur ass den Antigen. Doropshin gëtt d’Form vum Impfstoff gewielt, op et beispillsweis e Lebend- oder Totimpfstoff soll ginn. D’Impfung gëtt da fir d’éischt un Zellkulturen an Déieren am Labo op d’Qualitéit getest. Eréischt wa sécher ass, dat se gutt ze verdroen ass an hier gewënschte Wierkung, also eng Immunreaktioun ausléist, gëtt se u fräiwëllege Studienparticipanten an der 2klinescher Phase gepréift. Dës besteet erëm aus 4 Phasen:

Phase 1: Manner wéi 100 jonk, gesond Fräiwëlleger kréien d’Impfung. Gëtt déi gewënschten Immunreaktioun beim Mënsch ausgeléist? Wéi een Dosage muss benotzt ginn? Triede Niewewierkungen op a wa jo, wéi eng?

Phase 2: E puer 100 Volontairen kréien d’Impfung. Dës Kéier representéieren se eis Bevëlkerung, dat heescht dass de Grupp eng Mëschung aus verschiddenen Altersgruppen an ethnesche Gruppen duerstellt. Zudeem ginn och Leit mat Virerkrankung mat abegraff. Passt den Dosage? Trieden aner, méi seelen Niewewierkungen op?

Phase 3: Hei gëtt dat selwecht nach eng Kéier u méi wéi 10000 Volontaire getest. Beim Impfstoff vu Biontech/Pfizer goufe souguer 21000 Volontaire an der Impfgrupp abegraff.

Wann all d’Daten vun de klinesche Studien iwwerpréift an ausgewäert sinn, kann eng Zouloossungsufro gestallt ginn. D’Decisioun op den Impfstoff op de Marché kommen dierf, geet hei duerch 3 Instanzen. Eréischt wann d’European Medecins Agency (EMA), d’national Arzneimittelbehörden an d’Europäesch Kommissioun entscheet hunn, dass den Impfstoff seng Critèren erfëllt, dierf en fir d’Allgemengbevëlkerung benotzt ginn.

Phase 4: D’Impfung ass um Marché a gëtt kontinuéierlech an Hisiicht op d’Effikassitéit an d’Sécherheet suivéiert.

Dir wëllt nach méi doriwwer liesen?

Wie sicher ist der Corona-Impfstoff? (quarks.de)
https://www.who.int/news-room/feature-stories/detail/how-do-vaccines-work
https://www.zusammengegencorona.de/impfen/
https://onlinepublichealth.gwu.edu/resources/producing-prevention-the-complex-development-of-vaccines/
https://www.who.int/emergencies/diseases/novel-coronavirus-2019/covid-19-vaccines
https://www.nature.com/articles/d41586-020-03626-1
How fast can a vaccine be made? – Dan Kwartler