Déi heefegst Froen/Gerüchter opklären

2022-06-06T18:45:27+01:00April 10, 2021|Covid19|

Disclaimer: Dës Froen sinn mat Infoen vum aktuelle Wëssensstand beäntwert ginn. (08.04.2021) Vu dass deeglech nei wëssenschaftlech Erkenntnisser eraus kommen, an dëst een immens dynamescht Thema ass, garantéiere mir net, dass dës Informatioune sech net an der nächster Zäit nach ännere wäerten.

Wéini ass et u mir fir meng Impfung ze kréien?2021-04-10T16:02:58+01:00

De Lëtzebuerger Plang ass a 6 Phasen agedeelt.

Phase 1: Medezinescht Personal a Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer (ab 29.12.2020)

Phase 2: Leit iwwert 75 Joer a Leit, déi op Grond vun enger Virerkrankung (Trisomie 21, Organtransplantatioun, Chemo-/Radiotherapie, ugebueren Immundefekter) extrem vulnerabel sinn (ab ongeféier 21.02.2021)

Phase 3: Leit tëschent 70 a 74 Joer a Leit, déi op Grond vun enger Virerkrankung (medikamentéis Immundefizienz, schwéier chronesch Otemweeerkrankungen, schwéier Häerz-Kreeslaferkrankungen, schwéier HIV-Infektioun, schwéier neurokognitiv Stéierungen, schwéier Nieren- oder Liewerinsuffizienz, Adipositas mat BMI>40) vulnerabel sinn (ab ongeféier 21.03.2021)

Phase 4: Leit tëschent 65 a 69 Joer a Leit, déi op Grond vun enger Virerkrankung (Diabetes mat Komplikatiounen, schwéier arteriell Hypertonie, neuromuskulär Erkrankungen) moderat vulnerabel sinn (ab ongeféier 30.03.2021)

Phase 5: Leit tëschent 55 a 64 Joer a Leit mat erhéichtem Risk ze erkranken (agestallten Diabetes, arteriell Hypertonie, Adipositas mat BMI tëscht 30 a 40) (ab ongeféier 06.04.2021)

Phase 6: Leit tëschent 16 a 54 Joer

Wéini genau d’Phase 6 ulafe wäert, hänkt vun den Ausmoossen vun de Liwwerungen vun de verschiddenen Hiersteller a vun der Impfbereetschaft vun der Bevëlkerung of, a kann dofir net zouverlässeg viraus gesot ginn.

Kascht mech d’Impfung eppes?2021-04-10T16:02:24+01:00

Zu Lëtzebuerg ass d’Impfung gratis. Dir musst allerdéngs waarden, bis Dir, baséiert op der Prioriséierungslëscht, un der Rei sidd.

Ass den Impfstoff vun AstraZeneca geféierlech?2021-04-10T16:02:02+01:00

Mat dësem Thema hu mir eis schonn am Ufank vun eiser Impfcampagne beschäftegt. Liest hei eise Blogpost dozou: AstraZeneca – kann een dem Impfstoff trauen? Säitdeem sinn awer e puer nei Informatiounen iwwert den Impfstoff eraus komm.

Den Impfstoff vun AstraZeneca huet déi selwecht Qualitéits- a Sécherheetstester duerchlaf, wéi all anert Medikament an all aneren Impfstoff, déi momentan um Marché sinn, a gëtt konstant reevaluéiert. De kuerzen Impfstopp Mëtt Mäerz war eng Virsiichtsmoossnam, ebe grad well een de Leit näischt sprëtze wéilt, wat hinne méi schuede wéi notze géif. Grond dofir war een eventuellen Zesummenhang tëscht der Impfung an enger Thrombos an de Gehiervenen. D’European Medicines Agency huet no grëndlechen Ënnersichungen fest gestallt, dass et dësen Zesummenhang tëscht dëse Fäll vu Bluttgerinnsel an der Impfung zwar gëtt, mee dës Fäll trotzdeem immens seele sinn a soumat de Notzen awer vill méi grouss ass wéi de Risk. Den Impfstoff vun AstraZeneca gouf vun dohier als sécher agestuuft, säitdeem gëtt de Wierkstoff och erëm zu Lëtzebuerg verimpft.

A verschiddene vun eisen Nopeschlänner gëtt AstraZeneca nëmmen nach u Leit iwwert 55 Joer verimpft. Dobäi handelt et sech awer nëmmen ëm eng Virsiichtsmoossnam, no aktuellem Stand gëtt et nämlech kee speziellen Zesummenhang tëscht dem Impfstoff a geheeften Sinusvenenthrombose bei jonke Leit. Lëtzebuerg hält sech hei nach ëmmer un d’Recommandatiounen vun der EMA, déi hire Statement nach eng weider Kéier bekräftegt huet. Niewewierkunge wéi Middegkeet, Kappwéi, Péng un der Injektiounsplaz an erhéicht Temperatur kënnen optrieden, sinn awer net geféierlech a gi meeschtens no 1-2 Deeg vum selwen eriwwer. Wann dir méi zum Thema Niewewierkunge liese wëllt, da liest hei eisen Blogpost doriwwer.

Wat heescht 95% Wierksamkeet? Schützt den Impfstoff vun AstraZeneca manner gutt wéi deen vun BioNTech/Pfizer oder Moderna?2021-04-10T16:01:33+01:00

De Begrëff vun der Wierksamkeet gëtt oft falsch interpretéiert. Et bedeit NET, dass een nëmmen zu 95% geschützt ass, oder dass den Impfstoff nëmmen bei 95% vun de Leit wierkt. D’Wierksamkeet léisst sech folgendermoossen erklären: wann een Impfstoff 95% Wierksamkeet weist, heescht dat, dass an enger Grupp vu geimpfte Leit 95% manner Fäll vun der Krankheet optrieden, wéi an enger Grupp, déi net geimpft ass. An enger Grupp vun net-geimpften Leit sinn also 95% méi Leit u COVID19 erkrankt, wéi an enger Grupp vu Leit, déi mat BioNTech/Pfizer geimpft goufen. A ganzen Zuelen géif dat heeschen, dass vun 1000 net geimpfte Leit der 20 erkranken, vun de geimpften ënnert de selwechte Konditiounen awer just 1 vun 1000.

Den Impfstoff vun AstraZeneca huet eng Wierksamkeet vun 80%. Dat bedeit, dass vun 1000 net geimpfte Leit der 20 erkranken, vun de geimpften ënnert de selwechte Konditiounen awer just 4 vun 1000. Dat sinn der zwar nach e puer méi wéi bei den mRNA-Impfstoffer, mee et sinn trotzdeem signifikant méi Leit geschützt, wéi an enger net-geimpfter Grupp.

Firwat dierfe Kanner net geimpft ginn?2021-04-10T16:01:18+01:00

An de klineschen Testphasen vun den Impfungen ware Kanner net dobäi, wouduerch eventuell Risiken fir dës Zilgrupp nach net erfuerscht sinn. Als Précautioun impft een dofir momentan Kanner nach net. Momentan ginn d’Impfstoffer awer u Kanner getest a kënne, soubal d’Wierksamkeet an d’Sécherheet garantéiert ass, och bei all de Kanner ugewannt ginn.

Dierf een als schwanger Fra oder Fra déi niert geimpft ginn?2021-04-10T16:01:06+01:00

Jo! Den Conseil supérieur des maladies infectieuses huet den 29.03 ee Schreiwes publizéiert, an deem sie d‘Impfung fir schwanger Fraen an Fraen déi nieren empfeelen.  An de klineschen Testphasen vun den Impfungen ware schwanger Fraen net dobäi, wouduerch eventuell Risiken fir dës Zilgruppen nach net erfuerscht waren. An Amerika hunn sech awer bis ewell schon 30.000 schwanger Fraen fräiwëlleg impfe gelooss. Sie hunn zwar nach net accouchéiert, mee bis elo konnten keng Verännerungen an der Schwangerschaft oder beim Foetus festgestallt ginn.
De Risk, dass eng Fra déi niert eppes Schiedleches un de Bébé weidergëtt ass extrem gereng. Par contre ass et immens warscheinlech, dass eng Mamm säin Bébé am Fall vun eng Infektioun mam Sars-CoV-2 mat ustecht.
An denen zwee Fäll weisst d’COVID-Impfung fir d’Fraen a fir hir Kanner grouss Virdeeler. Aus dem Grond gouffen des Zilgruppen an d’Phase 5b mat opgeholl an dierfe geimpft ginn.

https://sante.public.lu/fr/espace-professionnel/recommandations/conseil-maladies-infectieuses/covid-19/covid-19-annexes/CSMI-recommandation-vaciin-COVID-19-grossesse-et-allaitement-20210329.pdf
https://marlin-prod.literatumonline.com/pb-assets/Health%20Advance/journals/ymob/YMOB_13698.pdf

Kann d’Impfung onfruchtbar maachen?2021-04-10T16:00:33+01:00

Nee, d’Impfung kann net onfruchtbar maachen. Dëst Gerücht ass entstanen, well d’Spike-Protein vum SARS-CoV-2 engem kierpereegene Protein änelt, wat dofir do ass, fir d’Plazenta opzebauen. Dës Ähnlechkeet ass awer immens geréng, duerch d’Impfung gräift de Kierper nëmmen d’Spike-Protein un, an net eist kierpereegent Protein. Et gëtt also keen Zesummenhang tëscht der COVID19-Impfung an Onfruchtbarkeet.

Kann de Virus-Genom duerch d’Impfung a mäi Genom integréiert ginn?2021-04-10T16:00:08+01:00

Nee, dat ass net méiglech. Eise Genom ass an DNA-Form gespäichert, de Virus-Genom an och d’mRNA-Impfstoffer sinn an mRNA-Form, wat chemesch zwou ënnerschiddlech Formen sinn, mRNA ka sech net an en DNA-Strang integréieren. Et ass a rare Fäll méiglech, mRNA an DNA ëmzewandelen, dofir braucht een e speziellt Enzym, d’Reverse Transcriptase. Dëst ass awer a kenger mënschlecher Zell ze fannen, nach besetzt de Virus dëst Enzym, an et befënnt sech och net am Impfstoff. Och d’DNA-Impfstoffer integréieren sech net an eise Genom, déi bréichten dofir nämlech och eng Rei Enzymer, mat deenen d’viral DNA net interagéiere kann. Et ass also net méiglech, dass eis DNA vum Impfstoff beaflosst gëtt. Ofgesinn dovunner bleift den Impfstoff selwer souwisou just e puer Stonnen an eisem Kierper a gëtt dann ofgebaut, sou dass just déi nei gebilt Antikierper iwwreg bleiwen.

Schützt d’Impfung och géint déi nei Mutatiounen, déi an deene leschte Wochen a Groussbritannien oder Südafrika opgetaucht sinn?2021-04-10T15:59:39+01:00

Déi momentan verfügbar Impfstoffer schützen all géint déi nei brittesch Mutatioun vum Virus, wat déi Haaptmutatioun ass, déi hei an Europa zirkuléiert. Grond dofir ass, dass d’Impfstoffer eng Immunreaktioun op ganz vill verschidden Deeler vum Spike-Protein ausléisen. Soumat erkennt de Kierper zwar vläicht net direkt dee mutéierten Deel vum Spike-Protein, mee dofir all déi aner, déi konstant bliwwen sinn, an d’effizient Immunreaktioun gëtt declenchéiert.

Iwwert d’Wierksamkeet géint déi südafrikanesch Variant ass nach net esou vill gewosst. Et geet een dovun aus, dass d’Impfstoffer eng Infektioun zwar net verhënneren, awer trotzdeem virun engem schwéiere COVID19-Verlaf schützen.

Aus Précautioun gëtt momentan schonn u Modifikatiounen vum Impfstoff geschafft, deen eleng op déi nei Mutatiounen passt. Dëse wier ënnerhalb wéinege Woche prett fir den Asaz um Marché.

Kann ech no der Impfung positiv getest ginn?2021-04-10T15:59:13+01:00

Nee, dat ass net méiglech. Duerch d’Impfung produzéiert de Kierper d’Spike-Protein vum SARS-CoV-2, de PCR-Test an och d’Antigen-Schnelltester reagéieren awer positiv op aner Deeler vum Virus. De PCR-Test ass positiv, wann en Deel vum Genom vum Virus festgestallt gëtt, seng RNA. Vu dass d’mRNA oder d’DNA aus der Impfung awer schonn no e puer Stonnen ofgebaut ginn an doduerch net méi am Kierper noweisbar sinn, gëtt e PCR-Test duerno och net positiv. D’Schnelltester reagéieren op verschidden Antigener, also Bestanddeeler vum Virus. Déi meescht dovunner reagéieren awer bewosst net op d’Spike-Protein, ebe grad fir net duerch eng Impfung e positiivt Resultat unzeweisen. Eng Ausnam wier, wann Dir Iech kuerz vir oder no der Impfung ugestach hutt, oder wann Ären Test falsch positiv ass. D’Warscheinlechkeet dofir ass awer ganz kleng.

Brauch ech eng Impfung wann ech mech schonn an der Vergaangenheet mat COVID-19 ugestach hunn?2021-04-10T15:57:54+01:00

Momentan gëtt dovun ausgaangen, dass Dir ee kuerzfristege Schutz no enger Infektioun mat SARS-CoV-2 hutt. Wéi laang dee Schutz unhält a vu wat fir enger Qualitéit dësen ass, ass awer nach onkloer. Dowéinst gëtt d’Impfung och de Leit recommandéiert, déi schonn eng Erkrankung duerchgemaach hunn, well dës e séchere Schutz iwwert 8 Méint an héchstwarscheinlech och doriwwer eraus garantéiert. No neisten Erkenntnisser geet et bei Leit, déi schonn eng COVID-19-Infektioun duerchgemaach hunn, duer, wann dës just eng Impfdosis kréien, fréistens 6 Méint no hirem Rétablissement. Grond dofir ass, dass et schonn eng bestoend Immunitéit gëtt, an dës duerch eng Impfdosis staark genuch gëtt.

Kann ech de Virus trotzdeem asymptomatesch droen an nach aner Leit ustiechen, wann ech geimpft sinn?2021-04-10T15:57:19+01:00

D’Impfung schützt Iech selwer virun enger Erkrankung mat COVID-19. Op Dir de Virus awer nach ëmmer asymptomatesch droe kënnt, a sou och un ongeschützt Leit weider gi kënnt, ass nach net ofschléissend gewosst. D’Daten weisen awer dorop hin, dass een däitlech manner Viruspartikelen ausscheet, wann ee geimpft ass, a sou och manner ustiechend ass. Dofir ass et trotzdem wichteg, och no der Impfung nach ëmmer déi sanitär Moossnamen ze berécksiichtegen fir déi aner Leit ze schützen. (Stand Ufank Abrëll 2021)

Wéini fänkt d’Impfung un ze wierken a wéi laang sinn ech no menger 2. Dosis geschützt?2021-04-10T15:55:20+01:00

Eng partiell Immunitéit hutt Dir 1-2 Wochen no der éischter Impfdosis, komplett geschützt sidd Dir e puer Deeg no der 2. Dosis. Et ass bewisen, dass eng Immunitéit 8 Méint no der 2. Dosis vum Impfstoff nach ëmmer unhält. Et ass warscheinlech, dass de Schutz och nach doriwwer eraus geet, well an där Zäit d’Zuel vun de Gedächtniszellen am Immunsystem just ganz wéineg ofgeholl huet.

 

Go to Top