Covid19 - Heefegst Froen

Wéini ass et u mir fir meng Impfung ze kréien?

Von |2021-04-10T16:02:58+02:00April 10th, 2021|Kategorien: |

De Lëtzebuerger Plang ass a 6 Phasen agedeelt. Phase 1: Medezinescht Personal a Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer (ab 29.12.2020) Phase 2: Leit iwwert 75 Joer a Leit, déi op Grond vun enger Virerkrankung (Trisomie 21, Organtransplantatioun, Chemo-/Radiotherapie, ugebueren Immundefekter) extrem vulnerabel sinn (ab ongeféier 21.02.2021) Phase 3: Leit tëschent 70 a 74 Joer a Leit, [...]

Ass den Impfstoff vun AstraZeneca geféierlech?

Von |2021-04-10T16:02:02+02:00April 10th, 2021|Kategorien: |

Mat dësem Thema hu mir eis schonn am Ufank vun eiser Impfcampagne beschäftegt. Liest hei eise Blogpost dozou: AstraZeneca – kann een dem Impfstoff trauen? Säitdeem sinn awer e puer nei Informatiounen iwwert den Impfstoff eraus komm. Den Impfstoff vun AstraZeneca huet déi selwecht Qualitéits- a Sécherheetstester duerchlaf, wéi all anert Medikament an all aneren Impfstoff, [...]

Wat heescht 95% Wierksamkeet? Schützt den Impfstoff vun AstraZeneca manner gutt wéi deen vun BioNTech/Pfizer oder Moderna?

Von |2021-04-10T16:01:33+02:00April 10th, 2021|Kategorien: |

De Begrëff vun der Wierksamkeet gëtt oft falsch interpretéiert. Et bedeit NET, dass een nëmmen zu 95% geschützt ass, oder dass den Impfstoff nëmmen bei 95% vun de Leit wierkt. D’Wierksamkeet léisst sech folgendermoossen erklären: wann een Impfstoff 95% Wierksamkeet weist, heescht dat, dass an enger Grupp vu geimpfte Leit 95% manner Fäll vun der Krankheet [...]

Firwat dierfe Kanner net geimpft ginn?

Von |2021-04-12T13:01:46+02:00April 10th, 2021|Kategorien: |

An de klineschen Testphasen vun den Impfungen ware Kanner net dobäi, wouduerch eventuell Risiken fir dës Zilgrupp nach net erfuerscht sinn. Als Précautioun impft een dofir momentan Kanner nach net. Momentan ginn d’Impfstoffer awer u Kanner getest a kënne, soubal d’Wierksamkeet an d’Sécherheet garantéiert ass, och bei all de Kanner ugewannt ginn.

Dierf een als schwanger Fra oder Fra déi niert geimpft ginn?

Von |2021-04-12T13:00:47+02:00April 10th, 2021|Kategorien: |

Jo! Den Conseil supérieur des maladies infectieuses huet den 29.03 ee Schreiwes publizéiert, an deem sie d‘Impfung fir schwanger Fraen an Fraen déi nieren empfeelen.  An de klineschen Testphasen vun den Impfungen ware schwanger Fraen net dobäi, wouduerch eventuell Risiken fir dës Zilgruppen nach net erfuerscht waren. An Amerika hunn sech awer bis ewell schon 30.000 [...]

Kann d’Impfung onfruchtbar maachen?

Von |2021-04-10T16:00:33+02:00April 10th, 2021|Kategorien: |

Nee, d’Impfung kann net onfruchtbar maachen. Dëst Gerücht ass entstanen, well d’Spike-Protein vum SARS-CoV-2 engem kierpereegene Protein änelt, wat dofir do ass, fir d’Plazenta opzebauen. Dës Ähnlechkeet ass awer immens geréng, duerch d’Impfung gräift de Kierper nëmmen d’Spike-Protein un, an net eist kierpereegent Protein. Et gëtt also keen Zesummenhang tëscht der COVID19-Impfung an Onfruchtbarkeet.

Kann de Virus-Genom duerch d’Impfung a mäi Genom integréiert ginn?

Von |2021-04-10T16:00:08+02:00April 10th, 2021|Kategorien: |

Nee, dat ass net méiglech. Eise Genom ass an DNA-Form gespäichert, de Virus-Genom an och d’mRNA-Impfstoffer sinn an mRNA-Form, wat chemesch zwou ënnerschiddlech Formen sinn, mRNA ka sech net an en DNA-Strang integréieren. Et ass a rare Fäll méiglech, mRNA an DNA ëmzewandelen, dofir braucht een e speziellt Enzym, d’Reverse Transcriptase. Dëst ass awer a kenger [...]

Schützt d’Impfung och géint déi nei Mutatiounen, déi an deene leschte Wochen a Groussbritannien oder Südafrika opgetaucht sinn?

Von |2021-04-10T15:59:39+02:00April 10th, 2021|Kategorien: |

Déi momentan verfügbar Impfstoffer schützen all géint déi nei brittesch Mutatioun vum Virus, wat déi Haaptmutatioun ass, déi hei an Europa zirkuléiert. Grond dofir ass, dass d’Impfstoffer eng Immunreaktioun op ganz vill verschidden Deeler vum Spike-Protein ausléisen. Soumat erkennt de Kierper zwar vläicht net direkt dee mutéierten Deel vum Spike-Protein, mee dofir all déi aner, déi [...]

Kann ech no der Impfung positiv getest ginn?

Von |2021-04-10T15:59:13+02:00April 10th, 2021|Kategorien: |

Nee, dat ass net méiglech. Duerch d’Impfung produzéiert de Kierper d’Spike-Protein vum SARS-CoV-2, de PCR-Test an och d’Antigen-Schnelltester reagéieren awer positiv op aner Deeler vum Virus. De PCR-Test ass positiv, wann en Deel vum Genom vum Virus festgestallt gëtt, seng RNA. Vu dass d’mRNA oder d’DNA aus der Impfung awer schonn no e puer Stonnen ofgebaut [...]