Wann s du vun der ALEM ugeholl bass, gëss du fir eng International online Database vun der IFMSA fräigeschalt an do muss du da Formulairen ausfëllen an Dokumenter héichlueden, déi vun dengem Gaaschtland gefuerdert ginn. Op der Plaz gëss du och de genauen Zäitraum un wéini’s du däi Stage wëlls maachen, a wéi enger Stad vun dem Land dass du däi Stage wëlls maachen an a wéi enger Spezialitéit. All déi Informatioune ginn un däi Gaaschtland geschéckt, dat dir dann däi Stage endgülteg bestätegt.
Opgepasst: all Land huet bëssen aner Fuerderungen a Konditioune fir d’Stagen! Hei fënns du all d’Informatiounen zu allen Länner vun der Saison 2022/23: https://exchange.ifmsa.org/exchange/explore/nmo/list
Déi zesummegefaassten Angaben an der Tabell sinn ouni Gewähr. Fir op Nummer sécher goen léiwer selwer ënnert dem Link noliesen.
Brasil (DENEM) | English required; Stage iwwert d’ganzt Joer méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/11 |
Costa Rica (ACEM) | Spanish required; Stage iwwert ganzt Joer méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/22 |
Mexiko (AMMEF) | English required; Spanish an verschiddenen Stied an an verschiddenen Departments required; Stage iwwert d’ganzt Joer méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/59 |
Schwäiz (SWIMSA) | French, German, Italian je no Stadt required | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/86 |
Litauen (LIMSA) | English required; Stage iwwert d’ganzt Joer méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/55 |
Portugal (ANEM) | English required; Stage NET iwwert d’ganzt Joer méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/74 |
Spuenien (IFMSA Spain) |
English required; Spanish an verschiddenen Stied an an verschiddenen Departments required; Stage iwwert d’ganzt Joer méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/83 |
Schweden (IFMSA Sweden) |
English required; Stage just am Juli an August méiglech | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/85 |
Kanada-Québec (IFMSA Quebec) |
English and French required: Stage iwwert d’ganzt Joer méiglech; Stagelängt 3 Wochen | https://exchange.ifmsa.org/exchange/scope/explore/conditions/view/17 |