Wann de Stage vun dengem Gaaschtland ofgesot gëtt, kriss de an de Reegel d’Méiglechkeet gebueden, däi Stage op en alternativen Zäitpunkt  ze verréckelen. Wann dat net geet, kriss de vun der ALEM och all d’Suen zeréckerstatt déi’s du bis dann bei der ALEM fir de Stage bezuelt hues. Fir den Transport fir dohinner an zréck bass du selwer verantwortlech an kriss da keng Sue vun der ALEM dofir zeréckerstatt. Mir empfeelen dir eng Optioun mat Annulatioun ze wielen. 

Wann s du vun dir aus de Stage annuléiers, kriss du keng Sue vun der ALEM zeréckerstatt, déi s du bis dohi bezuelt hues, ausser du fënns eng Persoun déi deng Stageplaz iwwerhëllt. Fir de Vol, Zuch oder Bus gëllt dat selwecht wéi uewen.