Fir deng Umeldung bei der ALEM brauchs du e Certificat de Scolarité/ eng Immatrikulationsbescheinigung. Zousätzlech kanns du fir e méigleche Bonus am Punktesystem divers Dokumenter raschécke,  wéi zum Beispill Sproochenoweiser, Musiksdiplomer etc. Wéi eng Dokumenter all fir Bonuspunkten consideréiert ginn, kanns du am Règlement Interne an/oder am Umeldungsformular noliesen. 

Fir d’Umeldung op der Database vun der IFMSA brauchs du dann dono nach eng ganz Rei weider Dokumenter. Wéi eng dat sinn ass rëm vu Land zu Land verschidden,  mee quasi ëmmer dobäi sinn: Lettres de motivation fir déi verschidde Spezialitéite fir déi’s du dech mells, CV, Impfpass, Studentekaart/Immatrikulationsbescheinigung, Sproochenoweis, Noweis vun enger Krankeversécherung, eng Foto, … 

Verschidde Länner froe méi aussergewéinlech Noweiser, wéi een HBs-Antititer-Count, een Tuberkulintest oder souguer eng Tuberkulose-Impfung, oder ee Certificat d’Examination vun engem vun hinne speziell accreditéierten Dokter. Dëst gesäis du, soubals du op der Database fir däi Land fräigeschalt bass.