Mat Regelstudiengang gëtt den klasseschen Medezinstudium an Däitschland bezeechent. Deen ass an 2 grouss Abschnitter getrennt: D’Vorklinik an d’Klinik. Am Regelstudiengang fänkt d’Praxis mat den Famulaturen an der Klinik un. Dëst bedeit dass den Studium am Ufank ganz theoretesch ass. Am Modellstudiengang kommen d’Studenten méi fräi an Kontakt mat Patienten. Den Studium ass och an thematesch Modullen agedeelt, wat et erméiglecht alles vun engem System vum Kierper direkt lues an lues opzebauen. D’hapt Ënnerscheeder sinn op enger Säit d’spezifesch Trennung zwëschen d’Vorklinik an d’Klinik mam Bestoen vum Physikum (am Modellstudiengang gëtt et keen Physikum no den éischten 2 Joren) an wéi d’Matière bäibruecht gëtt.

Et muss een selwer fir sech kucken wat besser ass an wéi en System engem méi korrespondéiert. Et soll een seng Recherchen mann iwwert déi verschidden Systemer an wéi eng Uni wat fir en System proposéiert.