E “SCOPE-Stage” ass en medezinesche Stage, den am Kader vun engem Austausch iwwert d’IFMSA (International Federation of Medical Students’ Associations) organiséiert gëtt. D’ALEM an all déi aner Medezinerassociatioune vun der ganzer Welt sin Member vun der IFMSA an doduerch all matenee vernetzt.

Konkret heescht dat, dass iwwert d’ALEM de Kontakt zum Ausland hiergestallt gëtt, däi Stage am auslännesche Spidol organiséiert gëtt an dass du eng Schlofplaz gestallt kriss. Des Weideren hues du sur place en studenteschen Uspriechpartner an du kanns um social program deelhuele fir d’Land an d’Kultur vun dengem Gaaschtland kennenzeléieren.