Déi momentan verfügbar Impfstoffer schützen all géint déi nei brittesch Mutatioun vum Virus, wat déi Haaptmutatioun ass, déi hei an Europa zirkuléiert. Grond dofir ass, dass d’Impfstoffer eng Immunreaktioun op ganz vill verschidden Deeler vum Spike-Protein ausléisen. Soumat erkennt de Kierper zwar vläicht net direkt dee mutéierten Deel vum Spike-Protein, mee dofir all déi aner, déi konstant bliwwen sinn, an d’effizient Immunreaktioun gëtt declenchéiert.

Iwwert d’Wierksamkeet géint déi südafrikanesch Variant ass nach net esou vill gewosst. Et geet een dovun aus, dass d’Impfstoffer eng Infektioun zwar net verhënneren, awer trotzdeem virun engem schwéiere COVID19-Verlaf schützen.

Aus Précautioun gëtt momentan schonn u Modifikatiounen vum Impfstoff geschafft, deen eleng op déi nei Mutatiounen passt. Dëse wier ënnerhalb wéinege Woche prett fir den Asaz um Marché.