Nee, dat muss een net. Latäin ass definitiv keng Mussesaach fir an der Medezin ugeholl ze ginn. Dat kann een dono op der Uni nohuelen an engem spezifeschen Kuer („Medizinische Fachsprache/Terminologie“). Latäin kann awer am Ufank e bëssen hëllefen an der Anatomie, well d’Nimm vun den anatomesche Strukturen all op Latäin sinn.