Nee, dat ass net méiglech. Eise Genom ass an DNA-Form gespäichert, de Virus-Genom an och d’mRNA-Impfstoffer sinn an mRNA-Form, wat chemesch zwou ënnerschiddlech Formen sinn, mRNA ka sech net an en DNA-Strang integréieren. Et ass a rare Fäll méiglech, mRNA an DNA ëmzewandelen, dofir braucht een e speziellt Enzym, d’Reverse Transcriptase. Dëst ass awer a kenger mënschlecher Zell ze fannen, nach besetzt de Virus dëst Enzym, an et befënnt sech och net am Impfstoff. Och d’DNA-Impfstoffer integréieren sech net an eise Genom, déi bréichten dofir nämlech och eng Rei Enzymer, mat deenen d’viral DNA net interagéiere kann. Et ass also net méiglech, dass eis DNA vum Impfstoff beaflosst gëtt. Ofgesinn dovunner bleift den Impfstoff selwer souwisou just e puer Stonnen an eisem Kierper a gëtt dann ofgebaut, sou dass just déi nei gebilt Antikierper iwwreg bleiwen.