An Däitschland gëtt haaptsächlech d’Nott op Première an d’Resultat vum TMS gekuckt fir ugeholl ze ginn. De SAP2 gëtt oft net unerkannt. Et ginn awer Unien, déi e puer Punkten fir sou Engagement ginn. Am beschten informéiert ee sech bei de verschiddenen Unien oder op «Hochschulstart.de». En Éischt-Hëllefs-Kuer muss een an Däitschland souwisou wärend den éischten zwee Joer Studium maachen, dee brengt engem also leider kee Virdeel.