Mat dësem Thema hu mir eis schonn am Ufank vun eiser Impfcampagne beschäftegt. Liest hei eise Blogpost dozou: AstraZeneca – kann een dem Impfstoff trauen? Säitdeem sinn awer e puer nei Informatiounen iwwert den Impfstoff eraus komm.

Den Impfstoff vun AstraZeneca huet déi selwecht Qualitéits- a Sécherheetstester duerchlaf, wéi all anert Medikament an all aneren Impfstoff, déi momentan um Marché sinn, a gëtt konstant reevaluéiert. De kuerzen Impfstopp Mëtt Mäerz war eng Virsiichtsmoossnam, ebe grad well een de Leit näischt sprëtze wéilt, wat hinne méi schuede wéi notze géif. Grond dofir war een eventuellen Zesummenhang tëscht der Impfung an enger Thrombos an de Gehiervenen. D’European Medicines Agency huet no grëndlechen Ënnersichungen fest gestallt, dass et dësen Zesummenhang tëscht dëse Fäll vu Bluttgerinnsel an der Impfung zwar gëtt, mee dës Fäll trotzdeem immens seele sinn a soumat de Notzen awer vill méi grouss ass wéi de Risk. Den Impfstoff vun AstraZeneca gouf vun dohier als sécher agestuuft, säitdeem gëtt de Wierkstoff och erëm zu Lëtzebuerg verimpft.

A verschiddene vun eisen Nopeschlänner gëtt AstraZeneca nëmmen nach u Leit iwwert 55 Joer verimpft. Dobäi handelt et sech awer nëmmen ëm eng Virsiichtsmoossnam, no aktuellem Stand gëtt et nämlech kee speziellen Zesummenhang tëscht dem Impfstoff a geheeften Sinusvenenthrombose bei jonke Leit. Lëtzebuerg hält sech hei nach ëmmer un d’Recommandatiounen vun der EMA, déi hire Statement nach eng weider Kéier bekräftegt huet. Niewewierkunge wéi Middegkeet, Kappwéi, Péng un der Injektiounsplaz an erhéicht Temperatur kënnen optrieden, sinn awer net geféierlech a gi meeschtens no 1-2 Deeg vum selwen eriwwer. Wann dir méi zum Thema Niewewierkunge liese wëllt, da liest hei eisen Blogpost doriwwer.