ALEM Covid Campagne
Mir als ALEM wollte fir eis Impfcampagne e klenge Video aus verschiddene Clips zesummeschneiden, an deene jeeweils eng Persoun e Grond nennt wisou si sech impfe léisst bzw. impfe gelooss huet.
D’Persoun soll de Saz „Ech loosse mech impfe well…“ bzw. „Ech hu mech impfe gelooss well…“ soen a vervollstännegen. Dëse Clip soll net méi wei puer Sekonne laang sinn.
Dir kënnt äre Videoclip hei als .mp4 oder .mov Format eroplueden, dobäi sollt der ären Alter, Numm, Beruff an eng kuerz Videobeschréiwung uginn sou dat mir e besseren Iwwerbléck hunn.
Vu dass dëse Video op eise sozialen Netzwierker (ALEM Instagram a Facebook) gedeelt gëtt a mir d’Videoen un en Drëtte weiderschécke fir den Zesummeschnëtt, brauche mir eng Awëllegung fir är Daten ze veraarbechten.
* erfuerderlech Felder