Dass Lëtzebuerg e Manktem un Fachpersonal huet ass spéitstens säit der duerch COVID-19 verursaachter sanitärer Kris jiddwerengem bewosst. Scho säit Joren hunn souwuel d’ALEM (Association luxembourgeoise des étudiants en médecine) wéi och d’AMMD (Association des Médecins et Médecins Dentistes au Luxembourg) op d’Pénurie un Dokteren opmierksam gemaach op déi d’lëtzebuerger Land zousteiert. Bis 2011 huet d’ALEM reegelméisseg eng aktualiséiert Démographie Médicale erausbruecht, en Dokument wat extrem wichteg ass fir den Iwwerbléck doriwwer ze halen wéi vill a wéi eng Dokteren tatsächlech grad zu Lëtzebuerg schaffen, wéi al dës sinn a wou dréngend Nowuess gebraucht gëtt. Zanterhier gouf keng aktualiséiert Versioun méi verëffentlecht an genau Zuelen sinn net bekannt. Eréischt d’Etüd “État des lieux des professions médicales et des professions de santé au Luxembourg”  vun der Madamm Marie-Lise Lair-Hillion huet schwaarz op wäiss op de Pabeier bruecht wéi frappant et um medezineschem Fachpersonal zu Lëtzebuerg tatsächlech feelt an gläichzäiteg Strategien genannt fir géint dëse Manktem virzegoen. 

Och mir als ALEM wollten en Deel dozou bäidroen den Dokter-Manktem zu Lëtzebuerg ze bekämpfen. Dëst andeems mir selwer am November 2019 eng Etüd ënnert Medezinsstudéirenden an Assistenzdokteren lancéiert hunn fir erauszefannen ënner wéi enge Konditiounen des bereet wieren hiren Medezinstudium oder Facharztausbildung zu Lëtzebuerg ze maachen respektiv wat si dozou beweegt no hirer Ausbildung op Lëtzebuerg zréck ze kommen, oder eben net. Insgesamt 230 Leit hunn un dëser Etüd deelgeholl, wat et eis erlaabt huet wäertvoll Erkenntnisser iwwert d’Motivatiounen vun den zukünftegen a jonken Dokteren ze gewannen an entspriechend Léisungsvirschléi ze etabléieren. 

Däitschland ass ënnert den Studéirenden bei wäitem dat beléiftsten Studieland, gefollegt vun Frankräich, Éisträich an der Belsche. Des Preferenz fir Däitschland ass virun allem duerch déi gutt Atmosphär ënnert den Studéirenden bedéngt (keen Konkurrenzkampf wéi z.B. a Frankräich).

Säit dësem Joer gëtt en Bachelor an der Medezin op der Uni.lu ugebueden. 67,8 % vun den Participanten wieren bereet den Bachelor zu Lëtzebuerg ze maachen. 40,4 % nëmmen wann si am Ausland keng Studieplaz krut hätten, 13,9 % nëmmen ënnert der Bedéngung, dass och en Master ugebueden gëtt. 

Een Drëttel vun den Participanten wier bereet fir hier komplett Facharztausbildung zu Lëtzebuerg ze maachen an zwee Drëttel géifen en Deel vun der Facharztausbildung zu Lëtzebuerg maachen. 

Wat d’zukünfteg Aarbechtsbedéngungen ugeet, sou well d’Majoritéit vun de Participanten spéider an engem Spidol oder an enger Gemeinschaftspraxis schaffen. Wat den Choix vun der Fachrichtung ugeet sinn virun allem déi Richtungen beléift, déi eng gutt “Work-Life-Balance” offréieren. 

Eis Etüd huet gewisen, dass am Laf vum Studium d’Bereetschaft nees op Lëtzebuerg zréck ze kommen Schrëtt fir Schrëtt ofhëlt. Wärend vun den Studéirenden aus den zwee éischten Joren ëmmerhin nach 95,5 % zréck kommen, sou sinn et bei den Studéirenden aus den zwee leschten Joren just nach 76,4 % an bei den Assistenzärzt*innen (Médecins En Voie de Spécialisation, MEVS) just nach 70,4%. Et kann een also dervun ausgoen, dass insgesamt 30 % vun de jonken Dokteren spéider net op Lëtzebuerg zréck kommen wäerten fir hei als Dokter ze schaffen. Déi eenzel Grënn heifir goufen och an eiser Etüd ënnersicht. 

D’Fuerderungen vun der ALEM

Opgrond vun der Analyse vun der Etüd huet d’ALEM eng Rei Fuerderungen etabléiert, ënner anerem: 

  • D‘Schafung vun enger medezinescher Fakultéit mat engem kompletten Medezinstudium zu Lëtzebuerg 
  • D‘Erweiderung vun der Facharztausbildung zu Lëtzebuerg 
  • D‘Schafung vun engem Universitéitsklinikum nom “Bochumer Modell” 
  • D‘Upassung vun eisem Gesondheetswiesen und d‘medezinesch Fortschrëtter fir weiderhin eng innovativ a qualitativ héichwäerteg Behandlungen ubidden ze kennen 
  • En reegelméissegt Erstellen vun enger aktualiséierter Démographie Médicale 

Den Detail zu den eenzelen Punkten sinn an eiser Publikatioun “État des lieux de la formation médicale au Luxembourg et des futurs médecins luxembourgeois” nozeliesen déi dir heidrënner kënnt noliesen !

Déi ganz Publikatioun eroflueden