Mat grousser Freed kennen mir Iech op den néisten Stande vun onsem aktuellen Projet vum SCOPE (Standing Committee on Public Exchange) op den néisten Stand bréngen kennen. Mir sinn ganz houfreg unzekënnegen, dass mir iech fir d’Saison 2021/22 dësen Austauschprogramm ubidden kënnen:
Konkret heescht dat, dass dir an verschidden Länner op der ganzer Welt, mat deenen mir ee Kontrakt fir den Austausch hunn, een Exchange mache kennt. Dat ass ee Stage vu 4 Wochen, eng Schlofplatz an ee sozio-kulturelle Programm, an deem dir a Kontakt mam Land a hire Léit kommt. Organiséiert gëtt dëst vun der jeeweileger NMO (National Member Organization, quasi d’ALEM-Äquivalenter aus annere Länner) sur place. 

Deel huelen kënnt dir un dësem Austauschprogramm an deem dir Member bei der ALEM sidd an fristgerecht eng Kandidatur erareecht. Genaueres zur Kandidatur an den Deadlines kennen mir Iech aktuell nach net soen, mir haalen Iech awer um Laafenden.Och kënne mer iech am Moment nach net soen wéi eng Länner zur Auswiel stoen wäerten, well mir am Moment nach domat am Gaang sinn d’Kontrakter auszehandelen. Soubal mir Kontrakter ennerschriwen hunn wärten mir déi entsprechend Länner wäerten mat hiren Konditiounen op www.alem.lu bekanntmachen, an Iech doriwwer Bescheed soen. 

Mir hunn leider ëmmer nëmmen limitéiert Platzen, also kennen mir net jiddwereen matbréngen. Fir d’Platzeverdeelung awer fair ze gestallen, hunn mir eis ee Punktesystem iwwerluecht. Dir kritt fir d’Matorganisatioun, d’Mathëllef an d’Participatioun un eisen Eventer eng gewëssen Unzuel un Punkten. Och fir d’Mataarbecht am Alem Team oder fir d’Participatioun op den IFMSA Meetings kritt ee Punkten. Dann ginn awer och är Sproochekenntnisser, wéi wäit dir am Studium sidd an verschidden extra-curriculaire Aktivitéiten berécksiichtegt. Wéi genau den Punktesystem funktionéiert an wat mat wéi vill Punkten belount gëtt kennt dir op eiser Internetsäit (LINK) noliesen. 

Intressant ass och ze wëssen, dass déi Austausch bilateral sinn. Dat heescht, dass pro StudentIn déi mir an d’Ausland schécken, och een/eng auslännesch/en StudentIn op Lëtzebuerg kënnt. Si kréien och bei eis eng Stageplatz, eng Schlofplatz an ee sozio-kulturelle Programm gebueden. 

Wann der op de Goût komm sidd sou een Stage am Ausland ze maachen, dann kënnt dir iech schonn fläisseg un d’Punkte sammele maachen. Och wann dir intereséiert sidd, eis Exchange StudentInnen zu Lëtzebuerg z’encadréieren, kennt dir Iech gären mellen.   

Mir freeën eis schon op är Kandidaturen an zeckt bei Froen net fir eis ze kontaktéieren (neo@alem.lu).