Léif Memberen, léif Medizinstudéierend,
An dëse schwieregen an oniwwersiichtlechen Zäiten ass et och wichteg op staark Partner zréckgräifen ze kennen.
Dowéinst wollte mir Iech heimat eisen neie Partner a Saache vun Assurancen, der Foyer Agence Humbert Schmit, Humbert & Moura vu Steesel presentéieren. Duerch hier Experienzen am Ëmgang mat Dokteren/Dokteschen, Infirmieren/Infirmièren an anere Leit aus dem medezinesche Secteur, wëssen si och eis Medizinstudéiernd exzellent am Beräich vun den Assurancen ze beroden.
Wann Dir Froen an des Richtung hutt, kennt dir si gäre kontaktéieren iwwer Facebook (https://www.facebook.com/Schmit.Humbert.Moura/), iwwer hier Homepage (http://schmit-humbert-moura.foyer.lu/) oder iwwer Telefon (+352 4916491).
Léif Gréiss a bleift gesond,
Äert ALEM-Team