Léif Memberen, Léif Medezinsstudéirend,

Wéi dir sécher matkrut ass géint 14 Auer de Formulaire (https://govjobs.public.lu/…/benev…/professionnels_sante.html) vum Ministère de la Santé bezüglech der Hëllef an der COVID-19-Pandemie online gaangen.

Dëse Formulaire huet direkt eng ganz Rei Froen opgeworf, déi mir grad versicht hu mam Ministère de la Santé ze klären. Sollten trotz de folgenden Explikatiounen nach weider Froe bei Iech opkommen, dann zéckt net eis dës matzedeelen.

1) D‘Inscriptioun ass tatsächlech och fir eis als Studenten/Studentinnen obligatoresch. Dofir biede mir Iech Iech och all hei anzedroen. Sollt dir Iech net zu Lëtzebuerg ophalen, respektiv och net an nächster Zäit zeréck kommen, da schreift Iech trotzdeem an a gitt dëst un, respektiv schreift firwat dir net zeréck kommen kënnt(nach Stage am Ausland, Externat a Frankräich wou een net liberéiert gëtt, etc. ). Mir wëllen hei dann och drop opmierksam maachen, dass mir als ALEM bis haut dovunner näischt wossten a genee sou iwwerrascht dovu ware wéi dir och.

2) Ergëtt sech aus Punkt 1 d’Méiglechkeet flichtméisseg rekrutéiert ze ginn? Jein! Et ass wuel sou, dass d’Gesetzeslag vum Grand-Duché et erlaabt all Resident esouzesoen anzeberuffen. Dëst heescht awer nach net, dass dat och elo wierklech geschéie wäert. Mee doduerch dass jidderee sech aschreiwe muss, weess d’Cellule de Crise mat wéi vill Personal een am Worst-Case-Zenario rechne kann. Är Bereetschaft fräiwëlleg ze hëllefe war jo schonn immens grouss, soudass mir hoffen, dass wann all dës Volontairen agesat gi kënnen, et net zu enger verflichtender Rekrutéierung/Requisitioun komme muss.

3) Am Formulaire feelt eng Masque fir „Etudiant en médecine“. Wann dir nach am Studium sidd, da sollt dir Iech laut Ministère als „Médecin généraliste“ umellen an da bei Diplomer/Formatioun uginn am wéivillte Semester dir grad sidd. Dir kënnt dann och am Formulaire är Stage-Erfarunge souwéi är Disponibilitéiten aginn (hei ass dann och e Feld fir Fräitext wou dir weider Detailer kënnt uginn, wéi z.B. ab wéini dir hëllefe kënnt, oder wann dir am Ausland fest hänkt, dass dir dowéinst net heem kommt etc….).

Mir hoffen dëst kläert déi meescht vun äre Froen. Mir wäerten awer déi nächst Deeg weiderhin am enke Kontakt mam Ministère stoen an eventuell nei Froe beschtméiglech klären.

Léif Gréiss,

Äert ALEM-Team 2020