Léif ALEM-Memberen, Léif Medezinstudéirend, Léif Alleguer

Och wann zur Zäit bal iwwerall d‘Consignen fir den Ëmgang mam néien Coronavirus (COVID19) ze fannen sinn, sou wollten och mir Iech nach e mol dat wichtegst ronderëm den neien Coronavirus mat op de Wee ginn. Mir wëllen Iech och eng Rei un glafwierdegen Informatiounsquellen bidden wou een ëmmer um neisten Stand gehalen gëtt.

D‘Coronaviren sinn eng grouss Famill un Viren. Sou sinn 10-35% vun de grippalen Infekter (einfache Schnapp) duerch Coronaviren verursaacht. Et ginn allerdéngs och Vertrieder vun dëser Famill, déi schwéier Otemweeerkrankungen ausléisen kennen (z.B. MERS, SARS).

Och den néien COVID-19, och nCoV oder SARS-CoV2 genannt, kann soueng schwéier Erkrankungen ausléisen. Verlafen zwar 80% vun den Infektiounen harmlos, sou sinn virun allem eeler Leit, Leit mat Virerkrankungen wéi Kriibs, Diabetes, Härz- an Longenerkrankungen, etc. besonneschem Risiko duerch de COVID-19 ausgesat, well et hei zu ganz schwéieren Verleef komme kann.

Am folgenden Text wëllen mir Iech dofir nach e mol op d’Symptomer vun der COVID-19-Infektioun opmierksam maachen an iech Rotschléi ginn, wéi een sech verhalen soll fir d’Ausbreedung vum Virus beschtméiglech ze verhënneren an sou virun allem déi Matmënschen ze schützen déi zu der Héichrisikogrupp gehéieren. Wann mir eis all zesummen un des Mesuren halen, dann ass et méiglech d’Ausbreedung vum Virus effektiv anzedämmen.

  • Symptomer: Dei heefegst Symptomer sinn dreschenen Houscht, Féiwer a Middegkeet. Heiansdo kann et och zu Schnapp, Halswéi oder Duerchfall kommen. Am Reegelfall fänken des Symptomer lues un an bleiwen och relativ schwaach am Verlaf oder trieden guer net bis op. Ronn 80% vun den Leit ginn och komplikatiounslos rëm gesond a brauchen keng spezifesch Behandlung.
  • Infektiounsweeer/-mechanismus: De COVID-19 gëtt vun Leit iwwerdroen déi de Virus a sech droen, des Persounen kenne schon Symptomer weisen oder och symptomlos sinn. Iwwerdroen gëtt de Virus duerch kleng Drëpsen, déi beim Houschten oder Néitschen ausgestouss ginn. Des Drëpsen kënnen sech nach eng gewëss Zäit ob Objeten an Uewerflächen ophalen. Infizéieren deet een sech, andeems een des Drëpsen anotemt oder wann een sech mat den Hänn, déi virdrun Kontakt zu infizéierten Uewerflächen haten, duerch d’Gesiicht fiert.
  • Héichrisikogruppen: Bis elo ass bekannt, dass eeler Leit (> 65 Joer) an Leit mat Viererkrankungen, wei héijen Bluttdrock, Häerz- oder Longenerkrankungen (z.B. Asthma), Diabetes, Kriibs oder enger Immunschwächt en méi héijen Risiko hunn, fir Komplikatiounen bei enger COVID-19-Infektioun ze erleiden.  Kanner a schwanger Fraen ziele bis ewell net zu den Héichrisikogruppen.
  • Behandlungsméiglechkeeten: De Moment gëtt et keng spezifesch Behandlung. Et gëtt sech haaptsächlech op en symptomatescht Traitement fokusséiert fir d’Otemproblemer, de Féiwer an den Houscht schnellstméiglech ze behiewen. Aktuell gëtt et nach keen Impfstoff. D’Fuerschung dozou ass am Gaangen.
  • Schutzmoossnahmen: Dei éischt grouss Moossnahm ass et, sou gutt et geet doheem ze bleiwen. Wéi di meescht scho wëssen, ass et natierlech och immens wichteg sech reegelméisseg an grëndlech d’Hänn ze wäschen oder ze desinfizéieren. Houschten oder Néitschen soll een an e Nuesschnappech aus Pabeier, wat een dono direkt ewechgehäit. Alternativ kann een och an den Ielebou houschten oder néitschen. Och wichteg ass et, sech mat den Hänn am Alldag sou wéineg wéi méiglech am Gesiicht (Aen, Mond, Nues) unzepaken. Fir een ze gréissen, soll een drop verzichten d’Hand ze ginn oder e Kuss op den Bak ze ginn.

Allgemeng soll ee zu kranken Leit Ofstand halen an soubal een selwer krank ass och net méi schaffen goen, mee léiwer doheem bleiwen.
Aner Moossnahmen sinn, net zu Spëtzenzäiten akafen ze goen, momentan net onnéideg ze reesen, sech net op Platzen ze befannen, wou vill Leit sinn an een keen Ofstand zu hinnen hale kann, an den ëffentlechen Transport sou gutt et geet z’evitéieren. Eng Mask ass nëmmen sënnvoll am Fall, wou dir selwer infizéiert sidd oder Iech em een këmmert, deen krank ass. Hei ass et wichteg ze wëssen, dass den Mask och just eng Kéier kann benotzt ginn an een en wéinst dem momentane Mangel och nëmmen undoen soll, wann et wierklech noutwenneg ass. D’Benotzen vun de Masken ass virun allem dem medezineschen Personal virbehale, well dëss momentan an de Klinicke knapp kënnen ginn.

Wat maachen bei Verdacht ob Infektioun:

Bei Grippesymptomer a Verdacht op eng méiglech COVID-19-Infektioun, sollt een sech als éischt via Telefon bei den zoustännegen Instanzen mellen. Als éischt gëllt et sech an eng Eegen-Iwwerwaachung respektiv an Eegen-Isolatioun ze beginn. Dat heescht et sollt een am beschten Fall 7 Deeg doheem bleiwen, d‘Symptomer beuechten (Féiwer moossen) a Kontakt zu weideren Persounen vermeiden. Et soll een net selwer bei den Dokter oder an d’Spidol goen, fir hei net nach wieder Leit unzestiechen. Et soll een Récksprooch mat sengem Hausdokter halen wéi eng Mesuren elo am beschten ubruecht wieren, respektiv kann een sech op der Hotline vun der Santé (8002 8080) mellen an kritt hei erkläert wéi et sech ze verhalen gëllt a wéi et weider geet. Sollten d’Symptomer ganz schlëmm sinn an et sech em en groussen Noutfall handelt, soll een dem 112 uruffen an hei dem Operateur alles genau erklären.
Wann Symptomer bis verschwonnen sinn, soll een nach 24 Stonnen doheem bleiwen.

Wéi geet et wieder?

Dat weess momentan leider nach keen. Allerdéngs ass ze erwaarden, dass ëmmer méi streng a schaarf Mesuren ergraff ginn fir d’Ausbreedung vum Virus ze anzedämmen. Och wann dëst eis enorm an eisem gewinnten Alldagsliewen aschränkt, sou mussen mir dëst akzeptéieren an der Hoffnung d’Ausbreedung vum COVID-19 sou schnell a gutt wéi méiglech limitéiert ze kréien. Grad des Aschränkungen sinn wichteg, fir dass d’Zuel un Infektiounen net punktuell staark uklëmmt, mee sech lues iwwert en gewëssenen Zäitraum zéien kann.

Dëst verhënnert, dass d’Kapazitéiten vum Gesondheetssecteur iwwerfuerdert ginn an een net genuch Platzen a Personal huet fir all Leit gläichzäiteg ze behandelen. Wann sech dat ganzt méi lues ausbreet huet een genuch Zäit sech ze adaptéieren a Ressourcen ze schounen respektiv ze regeneréieren.  Genau sou mussen an enger schwéierer Zäit wou Solidaritéit sou gefrot ass, och eis alimentaire Ressourcen geschount ginn. Soumat si “Hamsterkeef” net néideg, well den Moment keen Grond zur Suerg besteet, dass eis Geschäfter zoumaachen an verschidden aner Leit dann eventuell wichteg Liewensmëttel oder Produiten net méi kafen kënnen.

Quellen a weider Informatiounen:

Ënner folgende Linken fannt dir dann och all wichteg Informatiounen ronderëm de COVID-19:

Source Ministère de la Santé:
https://gouvernement.lu/…/dossiers.gouv_msan%2Blb%2Bdossier…

RKI : https://www.rki.de/…/Inf…/N/Neuartiges_Coronavirus/nCoV.html

WHO : https://www.who.int/emergen…/diseases/novel-coronavirus-2019

Dëss Säiten bidden Iech fundéiert an iwwerpréiften Wëssen, wat reegelméisseg ob den neisten Stand vun den Erkenntnisser bruecht gëtt. Deem wat hei steet kann een dann och Gleewen schenken, wat leider bei sou munch Facebook-Artikel zur Zäit net de Fall ass.