🇱🇺 Gëschter um Méindeg hunn sech insgesamt 15 Membere vum ALEM Team op Invitatioun vum Premier Xavier Bettel am Staatsministère an der Stad afonnt.

Dobäi ass sech ënnert anerem ausgetosch ginn iwwert d’Wichtegkeet vum Engagement vu jonke Léit a Studentenorganisatiounen ewéi der ALEM an iwwert eis Virstellunge vum Medezinerberuff an der Zukunft.

Ofgeschloss gi ass de Besuch mat enger Visitt vum Staatsministère, dëst mat historeschen Erklärungen a sou muncher Anekdot duerch den Här Staatsminister.

🇬🇧 On Monday afternoon, 15 Members of the ALEM Team have been visiting the Ministry of State following an Invitation by the Luxembourgish Prime Minister Xavier Bettel

After discussing about the importance of Student advocacy and our future as Healthcare Professionals, Mr. Bettel showed the Team members around in the Ministery while explaining the history of the building.