Gëff en Deel vum ALEM Team 2020 !

D‘ALEM („Association Luxembourgoise des Étudiants en Médecine“) ass säit hirer Grënnung 1966 do fir sech fir d‘Intérête vun de Lëtzebuerger Medezinsstudenten anzesetzen an den Austausch ënnert Studenten ze fërderen. No engem erfollegräiche Joer, wou net manner ewéi 25 Studeirend sech am ALEM Team fir déi iwwert 900 Lëtzebuerger Medezinsstudeirend agesat hunn, ass d’Mandat vun dësem Team elo geschwënn ofgelaf an et gëtt Zäit fir en néit Team ze wielen, an du kanns en deel dovu ginn !

Waat genau mecht d’ALEM ?

D‘ALEM representéiert net nëmmen d‘Humanmedezinstudenten, mee och Zännmedezinsstudenten zu Lëtzebuerg vis-à-vis vun der Politik, de Medien an den Acteure vu Lëtzebuerger Gesondheetssystem.  All Student  dee Veterinär, Pharmakologie oder en anert Gesondheetsfach studéiert, kann zudeem Membre coopté an der ALEM ginn. Dës kënnen allerdéngs net fir e Posten am Comité vun der ALEM kandidéieren (mat Ausnam vun de Poste Coopté Veterinär a Coopté Pharmakologie) a gi vun eis och net representéiert.

Mat iwwert 330 Memberen déi an net manner ewéi 11 Länner studéieren, ass d‘ALEM eng vun de gréissten an diverste Lëtzebuerger Studentenassociatiounen. Mir sinn och Member vun der ACEL (Association des Cercles d‘Etudiants Luxembourgeois) op nationalem Niveau a vun der IFMSA (International Federation of Medical Students‘ Associations) op internationalem Niveau wat eng réi Virdeeler a Méiglechkeete fir eis Membere bitt.

D’ALEM schafft um nationalen Niveau mat enger rei verschiddenen Acteuren ewéi all d’Spidolsgruppen, der Medezinergewerkschaft AMMD, der Uni Lëtzebuerg oder dem Ministère de la Santé zesummen. Dëst fir kennen eng réi verschidden Aktivitéite fir eis Memberen ze organiséieren a fir hinnen d’Usiichte vum Nowuess op aktuell Entwécklungen am medezinesche Beräich ze erklären.

Opgrond vun dem Asaz vun den ALEM Teams an de leschte Joren an dëse Kooperatiounen, konnt d‘ALEM sech konsequent weider entwéckelt an néi Aktivitéiten a Servicer aféieren. Esou kënne mir net nëmmen eise Membere méi bidden, mee och ee vun eise Kärusprech, den Austausch ënnert Lëtzebuerger Medezinsstudenten a Professionellen aus dem Gesondheetssecteur,  stäerken. Esou ass zum Beispill déi éischten Editioun vum „Dag vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem“ dëst Joer zu staane komm, wou mir fir d’éischte kéier iwwert 110 Medezinsstudenten an Interne mat der professioneller Welt zesumme bruecht hunn.

„ALEM Team 2020 ?“

An der „ALEM Team 2020“ fënns du alleguerten d’Informatiounen zu den eenzele Posten, Teams an Ofleef déi et am ALEM Team ginn ! Falls de nach weider Froe sollts hunn, zeck net eis eng E-Mail op contact@alem.lu ze schécken oder schreif eis op Facebook oder Instagram !

ALEM Team 2020 Broschür
Stell elo deng Kandidatur !