Léif Member*inen a Medezinstudeirend,

Mat grousser Freet kenne mir iech annoncéieren, dass d’Registratioun fir den March Meeting 2020 vun der IFMSA (International Federation of Medical Students‘ Associations) op ass. Dësen wäert vum 01.03-07.03.2020 zu Kigali am Ruanda stattfannen.

All Joer fannen 2 Haaptversammlungen vun der IFMSA statt. Do treffen sech ca. 1000 Medezinsstudenten aus aller Welt fir an den Sessions vun den verschiddenen Standing Committees (z.B. Human Rights and Peace, Public Health, Medical Education, …) ze schaffen, ze diskutéieren an sech besser ënnereneen ze vernetzen. Et ass eng super Geleeënheet fir Leit aus aller Welt, hier Kulturen, sou wéi hieren Medezinsstudium kennenzeléieren.

Nodeems bestëmmt eng ganz Rei vun iech eis Posts a Videoen vun den vergaangenen GAs (General Assemblies) an Ägypten, Montreal, Slowenien an Taiwan gesinn hunn ass et lo är Geleeënheet fir eng Kéier dobäi ze sinn an dëst an dem faszinéierenden Ruanda.

Egal an wei engem Joer Medezin dir sidd, all ALEM Member kann eng Lettre de Motivation eraschécken an domat kandidéieren fir en Deel vun eiser Delegatioun fir den March Meeting 2020 ze ginn.

Ënnert folgenden Links fannt dir nach méi Informatiounen iwwert den Hotel, den Meeting an den Ruanda. https://mm2020rwanda.com/mm2020/ 

Den Invitaion Package mat allen Informatiounen: https://issuu.com/mm2020chair/docs/full_host_candidature_bid_mm2020?fbclid=IwAR0ynAP12Gs3yWCxPH8QsnNBp4pb9KFXaxo1eIkrFUEh2vW_JVg7hEkJAMY

Falls der nach Froen iwwert d’IFMSA selwer oder den Oflaf vum Meeting hutt da schreift un eisen Vice-President for External Affairs, den Alexander Lang, hien äntwert ganz gären ob är Froen (vpe@alem.lu).

En klengen Anbleck an d’IFMSA kritt dir och hei: https://www.youtube.com/watch?v=8XRsGAjq5vc

An ärer Lettre de Motivation sollt dir iech kuerz virstellen, villäicht soe bei wat fir ALEM- Events dir matgemaach hutt oder plangt matzemaachen, a wat är Motivatioun ass fir um March Meeting 2020 deelzehuelen.

Schéckt eis är Lettre de Motivation bis speidsdens den 10. Dezember 2019 per Mail ob contact@alem.lu

Mir freeën eis schonn ob är Kandidaturen!