De Mëttwoch den Owend war eng Delegatioun vun der ALEM bei der AMMD (Association des Médecins et Médecins-Dentistes) fir eng Entrevue. D’ALEM Delegatioun bestoung aus dem Frédéric Schwarz (President), Chris Speicher (Vice-President & Rsp. Education Medicale), Maxime Vandermuntert (Tresorier), Fabrice Glod (Rsp. Relations externes) a Lisa Zangarini (Rsp. Santé Publique).

Am laf vum Owend ass sech ausgetauscht ginn iwwert d’akut Problematik vun der Démographie Médicale, a waat een dogéint kann ënnerhuelen. Dëst ass en grousse Problem vue dass aktuellen Zuelen no iwwert 50 Prozent vun den Dokteren zu Lëtzebuerg schonns iwwert 55 Joer al sinn.

Zudeem gouf och diskutéiert wéi ee Lëtzebuerg als Standuert méi interessant ka gestallten a fir jonk Lëtzebuerger ze motivéieren no hire Studien erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.