Läscht Woch en Méinden huet sech d’ALEM, vertrueden duerch de Frédéric Schwarz (President) an den Alexander Lang (Rsp. Relations Internationales) an dem Centre Hospitalier du Nord (CHdN) fir eng Entrevue afonnt.

Bei dëser Entrevue hu mir mat de Vertrieder vun dem CHdN, dem Prof. Dr. Hans Joachim Schuber (Directeur générale) an dem Dr. Marcel Bauler (Directeur médicale), ënnert anerem iwwert hier Aktivitéiten am Beräich vun der Medezinescher Ausbildung an iwwert zukünfteg Kollaboratioune fir Aktivitéiten teschend der ALEM an de CHdN ausgetosch. Hei ginn et am laf vun den nächste Méint méi Informatiounen !