Léif Memberen,

mir si frou iech kënne matzedeelen, dass d’Umeldung fir déi drëtt Editioun vum Dag vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem elo op ass!
Dest Joer fënnt den DLGS um Samsdeg, de 24. September 2022 an de Raimlechkeete vum Rehazenter um Kierchbierg statt.

Des drëtt Editioun ass ugelehnt un d’Format vu leschtem Joer, mee huet gläichzäiteg vill nei Themen an Aktualitéiten ze bidden, sou dass du och vun dësem Dag profitéiers, wann’s du scho bei de leschten Editiounen dobäi wars! Wëllkomm ass all Medezinstudéierend vum 1. bis an d’6. Joer, dee bei eis Member ass, an all jonken Dokter, dee sech fir de lëtzebuerger Gesondheetssystem interesséiert.

Alleguer d’Informatiounen iwwert d’Atelieren, déi’s du beleeë kanns an d’Acteuren dei bis elo fir d Foire zougesot hunn fenns du op eiser Säit vum DLGS: https://alem.lu/dag-vum-letzebuerger-gesondheetssystem/

Mell dech hei fir den DLGS 2022 un!: https://forms.office.com/r/0riwVtmbSp

Wat ass den Dag vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem?

Desen Dag erméiglecht et Medezinstudéierenden a jonken Dokteren de lëtzebuerger Gesondheetssystem besser kennen ze léieren. Wanns du also herno gären zu Lëtzebuerg wëlls schaffen, hues du hei d’Méiglechkeet, alleguerten deng Froen zu de Rahmebedingungen vum Doktersberuff zu Lëtzebuerg geklärt ze kréien, déi dir am Ausland kee beäntwere kann. Zesumme mat de bekannten Acteuren aus dem Gesondheetssecteur a mat de Spezialistecerclen hu mir och dest Joer nees flott Atelieren mat neien Themen fir iech um Programm, also lount et sech erëm ze kommen!

Mir sinn och frou dest Joer vun der ALMEVS (Association Luxembourgeoise des Médecins en Voie de Spécialisation) supportéiert ze ginn, fir nach méi relevant Sujet’en fir jonk Dokteren unzebidden.

Du bass iwwerzeegt? Da mell dech un!
Mell dech hei fir den DLGS 2022 un: https://forms.office.com/r/0riwVtmbSp

Bei jegleche Froen, mell dech gäre bei eis ënnert events@alem.lu!

Op eise Social Media Channels kriss du ëmmer déi aktuellsten Neiegkeeten, also follow eis gären op Facebook (ALEM – Luxembourgish Medical Students’ Association) an op Instagram (@alem.lu) fir absolut näicht ze verpassen!

Léif Gréiss an hoffentlech bis dohin!
Äert ALEM Team 2022