Mir loossen eis impfen. An dat alleguer aus verschiddene Grënn. So och du eis, firwat dass du dee Choix trëffs!
Wisou soll ech mech impfe loossen? Wann’s du dir dës Fro nach net beäntweren konnts oder Loscht hues e bësse méi iwwert Impfungen an Niewewierkungen erauszefannen, da bass du bei eis richteg.
Mir wäerten iech an den nächste puer Woche mat de wichtegsten Infoe ronderëm Impfunge versuergen. Wéi verschiddener scho villäicht bemierkt hunn, gëtt et op alle méigleche Säiten Infoen zur Covid-19 Impfung. Ass et elo néideg, dass mir dat Thema nach eemol opgräifen, frot dir iech? Déi kloer Äntwert ass jo.
Et ginn eiser Meenung no nach ëmmer ze vill Leit, déi sech der Saach mam impfen net esou sécher sinn. Ma mir sinn hei fir iech déi néideg Informatiounen an Ustéiss mat op de Wee ze ginn. Ugefaangen bei der Pandemie iwwert d’Impfung am Allgemengen, bis hin zu den Niewewierkungen an engem Faktencheck, hunn mir versicht alles esou interessant an iwwersiichtlech wéi méiglech ze gestalten.